Filmreakter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Filmreakter a.s.b.l. ass eng net-lukrativ Kënschtlervereenegung vun jonken Filmemaacher aus Lëtzebuerg, déi 2002 gegrënnt gouf.
[Änneren] Aktivitéiten
Filmreakter huet zënter 2002 verschidden Aktivitéiten organiséiert. Si hu probéiert, jonk lëtzebuergesch Filmemaacher zesummen zebréngen an hunn 2004 de Lost Film Festival vu Philadelphia op Lëtzebuerg bruecht.
Filmreakter organiséiert zënter 2006 d' Open Screen Owender déi vum Tanja Frank an vum Carlo Thiel an d'Liewen geruff goufen. D'Open Screen Owender ginn all puer Méint op ënnerscheedlechen Plazen organiséiert. Den Ënnertitel vum Event “Bring your own Movie” ass Programm. Jiddereen, deen en Film, dee manner ewéi 20 Minutten dauert, dierf dësen Film weisen. D’Owender sinn esouwuel gratis fir den Publi ewéi och fir d’Réalisateueren déi hir Filmer weisen. D’Organisateueren stelle fir Open Screen eng Leinwand an e Projekter zur Verfügung. Am Juni 2004 war deen éischten Open Screen, inspiréiert vum Cinéma Nova vu Bréissel. Zënterhier fënnt ee vu Kéier zu Kéier ëmmer méi Leit op dësen Owender. D’Filmer déi gewisen ginn, sinn an alle Formater. Vum 35 Millimeter Film bis hin zum Film dee mat engem Handy als Kamera entstanen ass, gëtt alles gewissen. D’Réalisteuren déi matmaache sinn an allen Altersklassen, verschiddener Amateuren anerer Professioneller.
[Änneren] Memberen
Filmreakter ass kee Club mat feste Memberen. All Mënsch ass wëllkomm matzemaachen. Et gi keng Memberskaarten an dofir ass jidwereen Member vun Filmreakter, dee sech als solchen gesait.