Ferenc Puskás
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Ferenc Puskás, gebuer den 2. Abrëll 1927 zu Kispet (haut e Quartier vu Budapest) an Ungarn als Ferenc Purczeld, a gestuerwen de 17. November 2006 zu Budapest war de bekanntesten ungaresche Foussballspiller.
De Puskás mam Spëtznumm De Majouer oder och Puskás Öcsi ass ee fréieren ungaresche Fussballspiller an Trainer.
Hie war tëschent 1950 a 1954 Kapitän vun der ungarischer Nationaléquipe. Héichpunkte vu senger Carrière waren ënner anerem 1953 ee 6:3 Gewënn géint England an d’Finale vun der Weltmeeschterschaft 1954 zu Bern géint Däitschland, wou Ungarn allerdengs 2:3 verluer huet.
1956 ass de Puskás a Spuenien geplënnert an huet vu 1958 un bei Real Madrid gespillt.
Hien huet mam Real e puermol déi spuenesch Landesmeeschterschaft gewonnen an den Europapokal vun de Landesmeeschteren. E war och méi wéi eng kéier op verschidenen Tournoisen dee beschte Buteur.
Wéi hie bis d’spuenesch Nationalitéit hat, konnt hien och fir Spuenien 1962 op der Weltmeeschterchaft matspillen. Mat 39 Joer huet hien opgehale mat Spillen a gouf Fussballstrainer.
An déier Fonktioun huet hien 1971 Panathinaikos Athen bis an d’Finale vum Europapokal vun de Landesmeeschtere bruecht, a si goufen och e puer Mol griichesche Meeschter.
Vu 1993 un war hien Trainer vun der ungarescher Nationalmannschaft.
Zënter 2000 ass hie schwéier krank a muss seng Zäit am Spidol verbréngen.
De Puskás gëllt als dee beschten ungaresche Fussballist a seng Dossardsnummer 10 ass legendär ginn, sou dass no senger Zäit an de groussen Equipen de Spillmecher déi Nummer gedroen huet.
Hie gouf vun dem Fussballweltverband an d’FIFA 100 opgeholl.