Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois, ofgekierzt F.S.C.L., ass de lëtzebuergesche Verband vum Vëlosport. (F.S.C.L. = bis den 23.02.1947 "Fédération des Sociétés Cyclistes Luxembourgeoises")
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Historique
[Änneren] Grënnung
Den 13. Mee 1917 sinn am Café des Mille Colonnes Vertrieder vu néng Vëlosveräiner zesumme komm fir d’F.S.C.L. ze grënnen. Am éischte Comié waren de Nobert Duren als President, de Michel Wormeringer als Vize-President, de François Peusch als Sekretär an de Nicolas Bewing als Trésorier.
Déi éischt Federatioun war d' Union Vélocipédique Luxembourgeoise (U.V.L.) De 4. Mee 1896 war eng Reunioun vu verschidde Veräiner fir eng Federatioun op d'Been ze setzen. De 7. Juni ass dann zu Mondorf déi éischt Velos-Federatioun vun de Veräiner "Rapid" Lëtzebuerg, Veloce-Club Diddeleng a Veloce-Club Rëmeleng offiziell gegrënnt ginn. Am Comité waren: Ferdy Schaeffer, Lëtzebuerg, President; Kihn, Diddeleng, Vizepresident; Klensch, Lëtzebuerg, Sekretär; Meysenburg, Rëmeleng, Tésorier. Member waren: Henri Baclesse, Lëtzebuerg; Wenner, Diddeleng a Wilhelm (Kayl ?).
Vun 1908 un gouf et allerdéngs ënnert dem Félix Wilmes eng Cyclistesektioun an der Fédération des Sociétés Luxembourgeoises des Sports Athlétiques, ofgekierzt F.S.L.S.A., déi sech ëmm de Vëlosport zu Lëtzebuerg bekëmmert huet.
[Änneren] Weider Entwécklung
Déi éischt affiliéiert Veräiner waren: 1) Union Vélocipédique Strassen 2) La Pédale Muhlenbach 3) Vélo Sport Mamer 4) Club Cycliste Hollerich 5) La Pédale 07 Schifflange 6) Les Cyclistes Useldange 7) L'Express Mondercange 8) Les Cyclistes Kayl 9) Union Cycliste Rollingergrund