Eurosolar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
EUROSOLAR ass eng gemengnëtzeg europäesch Vereenegung fir d'Erneierbar Energien, d.h. hiert Haaptuleies ass d'Verbreedung vun der Solar- a Bioenergie, d'Weiderentwécklung vun den entspriechenden Technologien an der politescher Ënnerstëtzung fir d'Asetze vun erneierbaren Energien.
D'Eurosolar Lëtzebuerg a.s.bl. gouf 2002 gegrënnt an ass eng vu villen europäesche Sektioune vun EUROSOLAR e.V. .
Niewend verschiddenen Aktivitéiten d'Joer duerch gëtt och all Joer de lëtzebuergesche Solarpräis organiseiert, fir interessant Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien erfirzehiewen an esou d'Thema erneierbar Energië mei bekannt ze maachen.
De Präis gëtt a folgende Kategorië verginn:
- Stied a Gemengen oder Stadwierker
- Industriell, kommerziell oder landwirtschaftlech Betriber/Entreprisen
- Lokal oder regional Veräiner als Förderer vu Projete fir erneierbar Energien
- Solaart Bauen
- Mediepräis fir Journalisten, Auteuren oder e Medium fir Rapporten iwwer erneierbar Energien
- Transportsystemer mat erneierbaren Energien
- Bildung an Ausbildung
- Sonnerpräis fir besonnescht perséinlecht Engagement