Ernest Ludovicy
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Ernest Ludovicy, gebuer den 22. Juni 1904 a gestuerwen den 23. November 1975, war e lëtzebuergesche Professer an Auteur vu literareschen, linguisteschen a pädagogesche Schrëften.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Säi Liewen
Den Ernest Ludovicy huet virun allem a Frankräich an der École Normale Supérieure studéiert a gouf Professer um Koléisch nodeems den deemolegen Educatiounsminister Joseph Bech hie fir ee Joer fräigestallt hat fir Spezialetuden ze maachen iwwer Romanistik. Seng Publikatioune ginn iwwer Sproocherzéiung zu Lëtzebuerg aus senger Lag tëscht Frankräich an Däitschland eraus, de franséischen Theater, an allgemeng iwwer Frankräich, op dat e grouss Stécker gehalen huet.
1928 ass hie Member ginn vun der Luxemburgische Sprachgesellschaft, déi 1935 eng Sectioun vum Institut Grand-Ducal gouf. An deeër Sectioun war hie Keessje an duerno bis zu sengem Doud Sekretär.
Den Ernest Ludovicy war an der Wierderbuchkommissioun zënter hirer Grënnung 1936 a gouf no dem Doud vum Professer Joseph Meyers 1964 hire President.
[Änneren] Seng Wierker
[Änneren] Monographien
- Enquête sur la jeunesse, Ministère de l'Éducation nationale, 1963.
- Racine et Molière. Etude de quelques aspects apparemment communs de leurs oeuvres', SELF, 1953.
- Le mythe grec dans le théâtre français contemporain, Editions les langues vivantes, Bruxelles 1956.
- L'organisation et les méthodes de l'enseignement des langues vivantes au Luxembourg, Athénée de Luxembourg.
[Änneren] Bäidréig
(Auswiel)
- "Les images de la France", in: Les cahiers luxembourgeois.
- "Notes sur le bilinguisme", in: Revue de psychologie des peuples.
- "Le Luxembourg entre la France et l'Allemagne", in: Geographie, Geschichte, Pädagogik, Göttingen.
- "Comment les Allemnds ont vu le peuple français, de 1919 à 1939", in: Revue de pschologie des peuples.
- "L'éternelle dispute", in: Perspectives.
- "La contribution de nos professeurs à l'étude de la linguistique", in: Un siècle de vie intellectuelle 1839-1939 : nouvelles pages d'histoire nationale / rédigées par un groupe de spécialistes. - Luxembourg, 1939. - P. 214-220.
- La famille souveraine - Luxembourg, 1948, Livre du Centenaire