Enzo Giacchero
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Enzo Giacchero (25. Februar 1912 – 26. Mäerz 2000), war italienesche Member vun der Héiger Autoritéit vu der CECA. Zesumme mat sengen 8 Kollegen aus den anere Memberlänner huet hien de 10. August 1952 zu Lëtzebuerg seng Aarbecht opgeholl.
Als Diploméierten vu der Ecole polytechnique vu Turin (1934) war den Enzo Giacchero, no senger Studienzäit, Assistent beim Gustavo Colonnetti (1886-1968), en Ingenieur, dee Politiker ginn ass an als iwwerzeegten Europäer an der chrëstlech-sozialer Beweegung militéiert huet. Nom Zweete Weltkrich ass de Krichsinvalid Enzo Giacchero chrëstlech-soziale Députéierten am italieneschen Parlament gi, wou en den europäeschen Députéiertengrupp präsidéiert huet (1946-1952). Hie war ee vu den Députéierten, déi mat dem Aferständnëss vum Richard Nikolaus Coudenhove-Kalergi (1894-1972) vu 1947 un bei der Créatioun vu der Union Parlementaire Européenne matgewierkt huet.
Vu 1952-1959 war hien du Member vu der Héiger Autoritéit an huet no sengem Ausscheeden rëm aktiv an der federalistescher Bewegung matgeschafft. Hien hat ausserdeem verschidden aner politesch an éirenamtlech Chargen.