Emma Eames
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Emma Eames, gebuer den 13. August 1865 zu Schanghai a China, a gestuerwen den 13. Juni 1952 zu New York, war eng US-amerikanesch Sopranistin a Gesankpädagogin
[Änneren] Liewen
D'Emma Eames, d'Meedche vun engem Affekot, huet véier Joer laang zu Boston studéiert, ier se op Paräis gaangen ass, fir bei der Mathilde Marchesi weiderzeléieren. 1889 gouf se vum Charles Gounod erausgesicht, fir bei der Première vu senger Oper Roméo et Juliette an der Opéra de Paris d'Juliette ze sangen. D'Emma Eames war e lyresche Sopran a war besonnesch beléift wéinst der dramtescher Ausdrocksstäerkt vun hirer Stëmm.
Wéinst Stëpplereien an déi di australesch Sängerin Nellie Melba verwéckelt war, ass d'Emma Eames vu Paräis fortgaangen, fir an der Metropolitan Opera zu New York d'Juliette ze sangen. Do war si eng vun de Stäipe vum Ensembel an ass bis 1909 iwwer 440 Mol opgetrueden, mat e puer Gaaschtoptrëtter zu London.
No enger kuerzer Ënnerbriechung vun hirer Carrière ass si 1911 an der Bostoner-Oper opgetrueden. Mat hirem zwwete Mann, dem US-amerikanesche Bariton Emilio Edoardo de Gogorza, vun deem si méi spéit gescheet gouf, huet si onregelméisseg Concert-Tournéeë gemaach. 1916 huet se hiren Afschloss vun der Bühn gefeiert. 1936 ass si op New York geplënnert, wou se Gesanksunterecht ginn huet. Do ass si den 13. Juni 1952 am Alter vun 86 Joer gestuerwen.
[Änneren] CDen
Eames Emma - The Complete Victor Recordings (1905-1911), Duebel-CD bei Romophone
[Änneren] Bicher zum Thema
- Some Memories and Reflections, 1927 (Autobiographie)