Edmond Dune
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Edmond Dune (eigentlech Edmond Hermann) war e lëtzebuergeschen Auteur.
Hie gouf den 2. Mäerz 1914 zu Attem (Athus) gebuer. Säi Papp war Lëtzebuerger, a vu Beruff Metzler a seng Mamm d'Louise Wittamer war Belsch. Si ass gestuerwe wéi den Edmond 2 Joer hat. Den Edmond Dune huet an enger reliéiser Schoul zu Arel studéiert, a spéider och Agronomie zu Louvain an zu Nanzeg.
1935 krut hien d'Lëtzebuerger Nationalitéit. Nodeems et an Däitschland ëmmer méi kritesch ginn ass, ass hien an d'Friemelegioun ënnert dem Numm Hugues Dardenne gaangen (1938-1943), duerno an d'englesch Arméi (1943-1945).
Nom Krich huet hien zu Lëtzebuerg gewunnt. Hien huet als Journalist bei der Meuse-Luxembourg geschafft, an duerno bis zu senger Pensioun bei RTL.
1947 huet hie sech mat der Margot Gengler bestued, an zesummen hate si véier Diechter.
Hien ass de 25. Januar 1988 zu Lëtzebuerg gestuerwen.
[Änneren] Säi Wierk
[Änneren] Poesie
|
[Änneren] Theater
[Änneren] Essaisen
- 1946: Jean, poète de France CL 1946/10
- 1946: L'Anniversaire CL 1946/9
- 1971: Remarques
- 1973: L'Anneau de Moebius
- 1988: Lrs hasards de Paris in CL 1988/1
[Änneren] Iwwersetzungen
- 1965: Poètes italiens d'aujourd'hui, Anthologie
- 1970: Poèmes en prose de Trakl
[Änneren] Pensées a Maximen
[Änneren] fir méi ze wëssen
Albert Schneider: L'oeuvre poétique du poète luxembourgeois Edmond Dune dans: Nos Cahiers 1983/3