Ed Federmeyer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Ed Federmeyer, gebuer de 16. August 1947 ass e lëtzebuergeschen Eisebunnsinteressent.
No sengem Premièresexamen 1966 am Lampertsbierger Jongelycée huet den Ed Federmeyer vum August 1966 bis Februar nach 6 Méint obligatoreschen Arméi-Déngscht hanneru sech bruecht. Vum 1. Mäerz 1967 bis den 31. Juli 2006 huet hie 4 Joer bei der Caisse de Pension des Employés Privés an 35 an en halleft Joer beim Centre Informatique de la Sécurité Sociale als Infromatiker geschafft. Vum 1. August 2006 un ass hien a Pensiou.
Seng Hobbyë sinn d' Eisebunn an déi Industriell Archeologie vun de Minièren zu Lëtzebuerg. Dofir mécht hie seng Recherchen an de Nationalarchiven, der Nationalbibliothéik an an der Photothéik vun der Stad Lëtzebuerg. Bei Redigéieren vun Texter lauschtert den Ed Federmeyer klassesch Musek vun enger vu sengen e puer Honnert CDën.
Nieft verschiddenen Artikelen a Veräinsbrochuren huet hie folgend Bicher geschriwwen:
- Eisenbahnen in Luxemburg, 1984, am Eisenbahn Kurier Verlag zu (Freiburg)
- Schmalspurbahnen in Luxemburg. Band 1, 1992, G.A.R.-Documentation, 418 S.
- Schmalspurbahnen in Luxemburg. Band 2, 1994, G.A.R.-Documentation, 502 S.
- mam Pierre Pasquali:Eisenerzgruben im Erzbecken von Beles - Differdingen - Rodingen. Publikatioun vun den Déifferdenger Geschichtsfrënn, No 20/2005 vum Korspronk, 420 S.
Am Ament ass den Ed Federmeyer mat enger erweiderter Neioplo vum Eisenbahnen in Luxemburg beschäftegt. Déi soll an zwéi Bänn erauskommen: Band 1: Geschicht; Band 2: Lokomotiven a Waggonen. De G.A.R. finanzéiert och déi zwéi Bicher.