Dryaden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Dryade sinn an der griichescher Mythologie d'Nymphen déi an de Beem gelieft hunn. Genee geholl d'Nymphe vun den Eechen (gr. dryas fir Eech, vun der indo-europäescher Wuerzel derew(o) fir Bam oder Holz), mee de Begrëff ass fir all Bamnymphen iwwerholl ginn. Hiert Schicksal war enk mat dem Bam an deem si gelieft hunn verbonnen.
Hamadryaden
D'Hamadryaden waren Deel vun hierem Bam. Wann de Bam gestuerwen ass, ass och d'Nymph gestuerwen. Aus dësem Grond hun d'Dryaden an d'griichesch Gëtter all Stierflechen, deen engem Bam wéi gedoen huet ouni d'Nymph virdrun unzeruffen, bestrooft.
[Änneren] Kuckt och
- Daphne