Dasymeter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Een Dasymeter ass ee klengen Apparat fir den Opdriff vun der Loft ze beweisen.
E besteet aus enger Wo, wou op enger Säit ee grousse Kierper mat enger klenger Densitéit an op der aner Säit ee klenge Kierper mat enger héijer Densitéit hängt. D’Massegewiicht vun deene zwee ass dat selwecht bei normalem Loftdrock, sou dass d’Wo am Gläichgewicht ass.
Wann een dësen Apparat an ee loftdichte Raum setzt an d’Loft aus deem erauszitt, da geet déi Säit mat deem grousse Kierper no ënnen. Et ass am Fong geholl eng Uwendung vum Prinzip vum Archimedes.