Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Dashiell Hammett - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Dashiell Hammett

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Samuel Dashiell Hammett, gebuer de 27. Mee 1894 am Verwaltungsbezirk St. Mary's County a Maryland (USA) a gestuerwen den 10. Januar 1961 am Lenox Hill Spidol zu New York war en US-amerikanesche Schrëftsteller.


De Raymond Chandler iwwer den Dashiell Hammett:
Den Hammett huet de Mord zréckbruecht bei déi Zort Leit, déi mat wierkleche Grënn ëmbréngen, an net nëmmen, fir dem Auteur eng Läich ze verschafen.


Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewen

Den Dashiell Hammett war dat zweet vun dräi Kanner vum Richard Hammett, engem Farmer a Lokalpolitiker, an der Annie Bond Dashiell, enger Infirmière, déi meeschtendeels doheem war, fir sech ëm hir Kanner ze këmmmeren. Ëm 1900 huet de Richard Hammett ee fir hien ongléckleche Wiessel vun der Demokratescher Partei bei d'Republikaner gemaach, deen dozou gefouert huet, dass d'Famill d'Farm huet misse verkafen an aus der Klengstad plënneren.
No engem kuerzen Openthalt zu Philadelphia hunn se sech zu Baltimore néiergelooss, wou dem Samuel säi Papp eng Plaz als Reesender fonnt hat.

Mee schonn 1908 huet de Papp aus Gesondheetsgrënn missen ophale mat schaffen, an de 14 Joer alen Samuel huet missen mat der Schoul ophalen fir seng Famill z'ënnerhalen. No e puer Joren mat schlechtbezuelten Aarbechtsplazen krut hien 1915 eng Plaz bei der Baltimore Agence vun der bekannter Detektei "Pinkerton's National Detective Agency". Dat war an enger Zäit, an deeër et zu ville soziale Spannunge koum tëscht de grousse Firmen an de Gewerkschaften. Esou waren dem Pinkerton seng Leit haaptsächlech als Streikbriecher beschäftegt.
Zu Butte am Montana krut den Hammett Suen ugebueden fir de Frank Little, en IWWW-Gewerkschaftschef ëmzebrengen. Wéi de Little eng Zäitchen drop gelyncht gouf, hunn dem Hammett seng politesch Usiichte sech radikaliséiert an en huet beim Pinketon opgehal.


Am Éischte Weltkrich gouf den Hammett Sergeant an dem "Motor Ambulance Corps". Et war déi Zäit, an deeër d' Spuenesch Gripp sech weltwäit ausgebreet huet. Den Hammett huet d'Gripp opgeraaft, déi als Longenentzündung behandelt gouf an domat ausgoung, dass hien tuberkuloskrank war. Sou huet en de Rescht vum Krich an engem Spidol an de Vereengte Staate verbruecht a fir de Rescht vu sengem Liewen huet en sech mat de Folgen missen erëmploen.
Nom Krich huet hien nees bei Pinkerton ugefaang, huet ugefaang mat Drénken a mat Schreiwen.

[Änneren] Säi Schreiwen

Am Pulp Magazine Black Mask, dat déi Zäit vum Joseph Shaw editéiert gouf, koum am Dezember 1922 dem Hammett seng éischt Geschicht, The Road Home, ënner dem Pseudonym "Peter Collinson" eraus. An der Oktober-Nummer 1923 vu Black Mask koum déi éischt Geschicht, Arson Plus, mam Continental Op eraus. Dat war e Personnage, deen an 28 Kuerzgeschichten an zwee Romanen vum Hammett opdaucht. 1932 ass e Comic vum Alex Raymond erauskomm, Secret Agent X-9, fir deen den Hammett den Text geschriwwen huet.
A sengem nächste Roman vun 1930 spillt den Detektiv Sam Spade d'Haaptroll. En desillusionéierten, rauen Eenzelgänger, deen dacks laanscht d'Gesetzer hantéiert geet am The Maltese Falcon op d'Sich no dem Maltesesche Fallek, enger klenger Statu, mat deeër eppes méi muss lass sinn. Bannent engem Joer kënnt et zu siwen Oploen.

[Änneren] D'Romaner

[Änneren] Red Harvest (1929)

Den Donald Willson, deen a senger Zeitung ugefaangen hat, d'Korruptioun an der Stad Personville, och Poisonville genannt, opzedecken, gëtt doud opfonnt. Säi Papp, dee mächtegste Mann aus der Géigend engagéiert en Detektiv, deen erausfanne soll, wien säi Jong ëmbruecht huet. Den Ech-Erzieler ass den Detektiv, dee fir d'Continental Detective Agency schafft, an dee, säin Numm ni genannt gëtt. E gëtt Continetal Op genannt an am Laf vum Roman kritt de Lieser mat, dass e kleng, déck an ongeféier 40 Joer al ass.
No an no fënnt den Detektiv eraus, wien a wat hannert deem Ganze stécht. Mee bis zum Enn leeft nach vill Blutt an d'Gullien.

[Änneren] The Dain Curse (1929)

[Änneren] The Malteses Falcon (1930)

[Änneren] The Glass Key (1931)

An enger amerikanescher Stad ass de Wahlkampf am Gaang an dem Senator Henry säi Jong, den Taylor Henry, läit op der Strooss an en ass dout. Den Tayler war hanner dem "Big Boss" senger Sëschter hier gewiescht, fënnt den Detektiv , den Ned Beaumont eraus. De Paul Madwig, den ernimmte "Boss" gesteet och de Mord, awer de Beaumont gleeft him näischt.

[Änneren] The Thin Man (1934)

[Änneren] Filmer

[Änneren] Dréibicher

  • City Streets, 1931, vum Rouben Mamoulian, mam Oliver H.P. Garrett a Max Marcin
  • Mister Dynamite, 1935, mam Doris Malloy an Harry Clork
  • After the Thin Man, 1936, mam Frances Goodrich an Albert Hackett
  • Another Thin Man, 1939, mam Frances Goodrich an Albert Hackett
  • Watch on the Rhine, 1943, mam Lillian Hellman

[Änneren] Literatur zum Thema

[Änneren] Biografien

  • Layman, Richard, Shadowman. The Life of Dashiell Hammett, 1981, Junction Books
  • Nolan, William F., Hammett. A Life at the Edge, 1983, Congdon & Weed
  • Johnson, Diane, The Life of Dashiell Hammett", 1984, Hogarth

[Änneren] Links

[Änneren] Intern

[Änneren] Extern

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com