Dag-Nuecht-Grenz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Dag-Nuecht-Grenz, an der Astronomie a Meteorologie och (solaren) Terminator genannt, ass d'Schiedgrenz tëscht der duerch d'Sonn beliichtener an der onbeliichtener Säit vun engem Himmelskierper, a besonnesch vun engem Planéit oder engem Mound. E Spectateur, deen op der Dag-Nuecht-Grenz ass, ka je nodeem e Sonnenopgank bzw. e Sonnenënnergank beobachten, dat heescht, d'Sonn iwwerschreit aus Sicht vum Spectateur den Horizont. Deen Zäitraum, an deem d'Sonn grad nach net, bzw. grad net méi ze gesinn ass, gëtt als Schummerecht bezeechent.
D'Dag-Nuecht-Grenz op engem (idealiséierte kugelförmegen) Himmelskierper ass e kreesronne Rank op der Surface vun der Kugel, deen den Äquator zweemol schneit an deem säin Duerchmiesser dem Duerchmiesser vun der Kugel entsprécht. All Punkt um Äquator iwwerschreit d'Dag-Nuecht-Grenz zweemol am Dag, bei Sonnenopgank a bei Sonnenënnergank, bedingt duerch d'Eegerotatioun vum Himmelskierper (cf. Äerdrotatioun). D'Längt vun engem Dag ass duerch dëst Iwwerschreide vun der Dag-Nuecht-Grenz definéiert.
Steet d'Achs vun der Eegerotatioun vum Himmelskierper senkrecht op der Ekliptik, da verleeft d'Dag-Nuecht-Grenz ëmmer duerch déi zwee Polen. Allerdéngs ass dat bei kengem (bekannten) Himmelskierper exakt de Fall, am allgemenge hänkt d'Achs liicht par rapport zur Ekliptik (cf. Schiift vun der Ekliptik). Duerch dësen Hank entsteet ëm d'Polen e Beräich, deen d'Dag-Nuecht-Grenz net all Dag iwwerschreit; d'Gréisst vun dëse Beräicher ännert sech mat der Joreszäit: zu de Sonnenwenden (Solstitium) erreesche si déi maximal Ausdehnung, déi dann och d'Polarkreeser definéiert. Zu den Equinoxen (da wann den Dag esou laang ass wéi d'Nuecht) verschwannen dës Beräicher awer, d'Dag-Nuecht-Grenz schneit dann déi zwéi Polen.