Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Chaos (Mythologie) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Chaos (Mythologie)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Chaos (Griichesch χάος, cháos) as an der griichescher Mythologie ee Weltzoustand, dee komplett duercherneen an ongeuerdnet ass, aus dem ganz am Ufank verschidde Gëtter entstane sinn.

Aus dem Chaos si Nyx an Erebos entstanen; anere Versioune no Gaia, Eros an Tartaros (kuckt ënnert "Schöpfungsmythos").

Geographesch as Chaos eng déif Biergschlucht op dem Peloponnes, vergläichbar mat der Ur-Schlucht Ginnungagap aus der nordescher Mythologie.


[Änneren] Schëpfungsmythos

Um Ufank vun allem war de grenzelose Weltraum dee Chaos genannt ginn ass. Ouni Mooss, ouni Ufank an ouni Enn. Seng Urkluft war nach mat däischterem Niwwel ausgefëllt. Trotzdeem sinn et am Chaos schonn d'Grondbestanddeeler vun Erd, Waasser, Loft a Feier ginn.

Aus dem Chaos entstane sinn d'Gaia (d'Erd), den Tartaros (d'Ënnerwelt) an den Eros (d'Léift). D'Gaia huet den Uranos (den Himmel) an de Pontos (d'Mier) erschaf. Och d'Titanen, déi 3 Kyklopen an déi 3 Honnertärmeg Risen si Kanner vun der Gaia.

Bal scho sollt den Uranos d'Muecht iwwert d'Welt un sech rappen. Mee hien huet sech vu senge Kanner, de Kyklopen bedreet gefillt an se an de Tartaros verbant. Ëmsoss huet d'Gaia versicht hier Kanner virum Haass vum Papp ze beschützen. Dunn huet si d'Titanen ëm Hëllef geruff awer nëmmen dee jéngsten, de Kronos huet sech getraut sech fir seng Bridder anzesetzen.

"Ech wëll der eng Waff ginn" sot d'Gaia an huet d'Eisen an der Aërd wuesse an doraus eng Séissel gi gelooss. Dunn ass e schreckleche Kampf tëscht dem Kronos an dem Uranos entbrannt. Mat däer schaarfer Waff huet hien säi Papp verstëmmelt a sech selwer zum Herrscher gemaach. Mat dëser schrecklecher Dod as d'Verbriechen an d'Welt komm. Aus dem Blutt awer wat vun deenen 2 an d'Äerd gesickert ass sinn d'Erinyen, d'Gëttinnen vun der Rach, an d'Risegeschlecht vun de Giganten entstanen. De verstëmmelten Uranos huet sengem Jong prophezeit dat och ee vu senge Kanner hien enges Dags wäert vum Troun stoussen.

Vun do unn huet de Kronos an Angscht geliewt a wou seng Fra Rhea seng Kanner op d'Welt bruecht huet, huet en se gläich so hierer Gebuert verschlong. Sou ass et sengen Duechteren Hera, Hestia, Demeter an senge Jongen Hades a Poseidon ergaang. Wou d'Rhea du sollt hiert d'nächst Kand op d'Welt setzen huet si hir Mamm Gaia ëm Rot gefrot. Si huet hier geroden op d'Insel Kreta ze goen. D'Rhea huet dunn hiere Jong, den Zeus, an enger Hiel am Bierg Ida op d'Welt bruecht an hien do verstoppt. Wou de Kronos nom Kand verlaangt huet, huet d'Rhea him een a Wëndelen agewéckelte Stee ginn deen de Kronos du verschléckt huet.

Wéi den Zeus dunn erwuess war huet hie säi Papp gezwongen seng onstierwlech Gesëschter erem auszespäitzen. Dunn huet hien mat hinnen zesummen de Kampf géint d'Titanen opgeholl. D'Kyklopen an d'honnertäermege Risen huet hien aus dem Tartaros befräit an se esou op seng Säit gezunn. Vun den Titanen stoungen och den Okeanos, d'Thetys an d'Themis op senger Säit. De Kampf vun den Urgewalten em d'Weltherrschaft war fuerchtbar. Dem Zeus seng mächtegst Waff ware seng Donnerkäilen déi d'Kyklopen him geschmid hunn. An engem Steck huet hien se vum Bierg Olympos erofgeschoss bis d'Titanen him ënnerléen waren an hien d'Herrschaft iwwert d'Welt konnt iwwerhuelen.

Fir senge Bridder Merci ze soen huet hien seng Muecht gedeelt mam Hades, deen d'Muecht iwwer d'Ënnerwelt, a mam Poseidon, deen d'Muecht iwwert d'Mier kritt huet. Hie selwer Huet de Sëtz um Himmelstroun behalen. Den Titanen déi zou him gehalen hunn huet heen hier Muechtberäicher gelooss, déi aner sinn an den Tartaros verbant ginn.

D'Gaia awer huet mat Roserei gesinn dat hier Kanner am Tartaros gefaange waren an huet den Typhon en honnertkäppegen Draach dee Feier gespaut huet geschéckt, deen den Zeus awer no schwéierem Kampf besiigt huet. Nach ëmmer awer huet d'Gaia net nogelooss an d'Giganten opgestëppelt den Zeus vum Troun ze stierzen. D'Gëtter vum Olympos hunn sech dunn all zesummegedoen an hunn och d'Geeschter vun deene Verstuerwenen em Hëllef geruff. Et war e fuerchtbare Kampf an all Elementer waren a wëller Oprouer. Vum Himmel ass d'Wiederposaun ertéint an d'Äerd huet mat Biewe geäntwert. Awer obwuel d'Risen ee Bierg nom aneren ausgerappt an op d'Gëtter geschoss a nei Bierger opgetiermt hunn huet sech den Zeus als méi staark erwisen. Hien huet seng Muecht behalen a zënterhier huet keen sech méi getraut him säin Troun streideg ze maachen.

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com