Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Chaim Herzog - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Chaim Herzog

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De President vun Israel (1993-1993) Chaim Herzog
Vergréisseren
De President vun Israel (1993-1993) Chaim Herzog

De Chaim Herzog' (17. September 1918 zu Belfast an Nordirland - 17. Abrëll 1997, war vun 1983 bis 1993 President vum Staat Israel. Hie war de 6. President vum Dag vun der Onofhängegkeet un gerechent. Virdru war hien Generol an der israelescher Arméi a Chef vun hirem Geheimdéngscht. An dësen zwou Qualitéiten huet hien 1967 vill zur Victoire vu sengem Land am Krich, deen Israel a nëmmen sechs Deeg gewonn huet, bäigedroen.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewenslaf

De Chaim Herzog war de Fils vum Isaak Halevy Herzog, engem bekannte Rabbiner. Am Joer 1935 ass d'Famill no Eretz an Israel ausgewandert an do gouf säi Papp 1937 Oberrabbiner. De Chaim huet un der Universitéit vum Jischuw an duerno zu Cambridge an zu London studéiert, wou hien 1942 säin Ofschlossexamen als Jurist gemeet huet. Dat heescht, datt de Chaim Herzog am Zweete Weltkrich an England war. Hien ass, wéi de Grand-Duc Jean vu Lëtzebuerg dunn an d'englesch Arméi gaang an huet als Panzerkommandant an enger Elite-Unitéit (Guard Armoured Division) géint Nazi-Däitschland gekämpft. Méi spéit gouf hie Chef vun enger britescher Noriichtenofdeelung wou hien un der Befreiung vun de Prisonnéierten vun de Konzentratiounslageren an och bei der Verhaftung vum Gestapochef Heinrich Himmler matgewierkt huet a beim Verhéier vun de gefaangenen Nazichchefen derbäi war.

No sengem Austrëtt aus der britescher Arméi ass hien rëm zeréck an Israel gang, an als Militärattaché no Washington gescheckt gin. 1954 bis 1957 war hie Kommandant vum Bezierk Jerusalem un dunn vum ganzen Bezierk Süden. Nodeem hien d'Arméi 1962 verlooss hat, huet hien säi Beruff ausgeübt, mee och gläichzeiteg als Radiokommentator a groussen militäreschen Expert eng unerkannten Ëffentlechkeetsarbecht am Intérêt vun Israel gemeet. Nom Krich vun de sechs Deeg gouf hien rëm an den aktiven Militärdéngscht zeréckgeruff.

Vun 1975 bis 1978 war de Chaim Herzog de Vertrieder vun Israel bei den Vereenten Natiounen.

1981 ass den Herzog als Member vun der Aarbechterpartei an de Knesset gewielt ginn, a gouf 1983 President vun Israel.

Staatsvisiten huet hien a méi wéi 30 Länner gemeet, dorënner den éischten Besuch vun engem israeleschen Staatschef an Däitschland a China.

Vun 1993 un huet de Chaim Herzog rëm e Privatliewen gelieft. Kuerz virun sengem Doud, de 17. Abrëll 1997; huet hien nach eng Kéier säi Gebuertsland Nordirland an och Irland besicht.

Exzellent Relatiounen hunn de Chaim Herzog mam Grand-Duc Jean vu Lëtzebuerg verbonnen. Wann hie während senger Amtszäit e Visiteur aus Lëtzebuerg ëmfaang huet, dann huet hien direkt nom Grand-Duc Jean gefrot a war dann houfreg, fir ze betounen, dat de Grand-Duc Jean an hien an der selweschter militärescher Unitéit gedengt hunn.

[Änneren] Publicatiounen

De Chaim Herog war publizistesch staark aktiv, an huet des Aktivitéit och benotzt, fir sech fir d'Eenheet an d'Zukunft vun Israel anzesetzen. Vu senge Publikatioune sollten ernimmt ginn:

  • Herzog, Chaim: War of Atonement: The Inside Story of the Yom Kippur War (1975)
  • Herzog, Chaim: Who Stands Accused? : Israel Answers Its (1978)
  • Herzog, Chaim: The Arab-Israeli Wars: War and Peace in the Middle East (1982)
  • Herzog, Chaim: Heroes of Israel: Profiles of Jewish Courage (1989)
  • Herzog, Chaim: Battles of the Bible (1978), mat dem Historiker Mordecai Gichon, als Co-Auteur.
  • Herzog, Chaim: Living History (Erliewt Geschicht) (Memoiren) (1996)

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com