Brasserie Nationale
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Brasserie Nationale ass eng Lëtzebuerger Brauerei mat Sëtz zu Nidderkäerjeng.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
D' Brasserie Bofferding gouf am Joer 1842 vum Jean-Baptiste Bofferding an d'Brasserie Funck-Bricher am Joer 1764 gegrënnt. Aus der Fusioun vun dësen zwou Brauereien ass d'Brasserie Nationale 1975 entstanen. Zënter 1856 huet si sech, trotz der grousser Konkurrenz vun anere Brauereien an der Régioun (Uewerkäerjeng, Esch-Uelzecht, Déifferdeng, Lëtzebuerg…asw.), op der zéngter Plaz vun am ganzen 35 zu där Zäit aktive Brauereien zu Lëtzebuerg, mat enger Produktioun vun 16.000 hl klasséiert. Nom Doud vum Jean-Baptiste Bofferding, hu seng Jonge Léon (Braumeeschter) an Emile (Geschäftsmann) d’Féierung vum Familljebetrib iwwerholl. D’Brauerei ass séier gewuess an et gouf ëmmer nees bäigebaut. D'Produktioun beleeft sech am Joer 1929, virun der grousser Welt-Kris, schonns op 82.000 hl Béier. An de Joren 1927 bis 1930 huet d’Brauerei eng ganz Rei neit Equipement kritt , dat stänneg bis an d’Zäit nom krich verbessert ginn ass. Ënnert anerem en neie Brausall mat Maschinnen fir ze killen a fir Äis ze febrizéieren. 1948 ass eng nei Fläschefëll-Anlag bäikomm an d’Fässer aus Holz sinn duerch Fässer aus Aluminium ersat ginn. Vun 1962 bis 1973 sinn d’Produktiounszuelen enorm an d'Luucht gaangen, op 70.000 hl. 1971 huet den Prënz Charles offiziell déi nei Béchsen-Offëll-Anlag ageweit, déi dono direkt a Betrieb geholl gouf. Am Joer 1974, sinn dunn dei meeschten Installatioune komplett ersat ginn. Wéi z.B. de Brausall, d’Fläschen-Anlag…). Ennert anerem krut d’Brauerei eng Maschinn fir d’Fässer ze spullen, ze steriliséieren an ze fëllen. Enn der 80er Joeren ass eng Gas-Chaudière, an ufank de 90er fënnef nei Gär-Bidde mat enger Gesamt kapazitéit vun 458.000 l installéiert ginn.
[Änneren] D’Brauerei haut
[Änneren] Béier
[Änneren] Produiten
- Bofferding Lager Pils
- Hausbéier
- Christmas Béier
- Gréngen Antigel
[Änneren] Auszeechnungen
- 1996 Grand Prix DLG
- 2002 Prix de l'Environnement pour l'Industrie pour Merlin
- 2002 Prix Européen de l'Environnement