Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Wikipedia:Biller - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Wikipedia:Biller

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Grondregelen

Hei fannt dir eng kleng Lëscht, wat dir beuechte sollt, wann dir Biller op d'Wikipedia eropluet:

  • Dir musst e registréierte User sinn, fir Biller/Fichieren eropzelueden.
  • Virum Eroplueden, liest w.e.g. d'Copyright Bestëmmunge bei Biller op der Wikipedia, an halt iech w.e.g. drun!
  • Benotzt d'Descriptiounssäit vum Bild fir Informatiounen iwwert d'Source an zum Copyright ze notéieren.
  • D'Bild soll e kloer formuléierten Numm hunn, fir datt et net verwiesselt gëtt (zum Beispill "Marienkirche_Hintertupfing.jpg" amplaz "Bild 1.jpg").

[Änneren] Biller eroplueden

Fir Biller eropzelueden, benotzt w.e.g. d'Spezialsäit Eroplueden. Äert Bild ass dann an der Billerlëscht ze fannen.

Photoe sollten d'JPEG-Format hunn; Iconen, Zeechnungen, Kaarten, Fändelen d'PNG-Format. GIF-Biller sollten a PNG konvertéiert ginn, ausser Animated GIFs.

Opgepasst:

  1. Fir e Bild ëmzebenennen, muss d'Bild nacheemol ënnert dem neien Numm eropgeluede ginn, an déi al Versioun muss vun engem Administrator geläscht ginn.
  2. Bei engem Bild wat et scho gëtt, gëtt déi al Versioun duerch déi nei, déi eropgeluede gëtt, ersat.
  3. Opgepasst bei den Nimm: Notre-dame.jpg ass net datselwecht wéi Notre-Dame.jpg. Passt op d'Grouss- a Klengschreiwung op.

[Änneren] Descriptioun

Zu all Bild existéiert och eng Descriptiounssäit, op déi ee kënnt, wann een op e Bild an engem Artikel klickt. Do fannt der den Historique vum Bild an och eng Lëscht mat de Säiten déi d'Bild benotzen.

Dës Descriptioun soll folgendermoossen ausgesinn:

  • Sujet: (ëm wat d'Bild geet, wat drop ofgebilt ass - zum Beispill Parkierch zu Bouneweeg -, wann et geet, och den Datum, wéini d'Bild gemaach gouf)
  • Auteur: (Äre Benotzernumm, wann d'Foto vun Iech ass, oder den Numm vum Fotograf. Am leschte Fall muss och d'genee Source dostoen)
  • Source: (wou der d'Bild hierhutt, z.B. engleschsproocheg Wikipedia, mat geneeëm Numm vum - a Link op de - Ficher)
  • Lizenz: (ënnert wéienger Lizenz d'Bild steet, z.B. GFDL, Domaine public,... Ass d'Bild vun Iech selwer, kënnt der d'Lizenz selwer determinéieren. Ass et vun engem aneren, muss d'Lizenz déi et huet, iwwerholl ginn. Am Menu, wann der eropluedt, kënnt der déi gängest Lizenz eraussichen)

[Änneren] Biller an den Artikel abauen

[Änneren] Originalgréisst ouni Rumm

Biller gi mat [[Image:Numm|Beschreiwung]] an den Artikel agebaut. D'Bild gëtt dann an Originalgréisst op der lénker Säit ugewisen. Well bei grousse Biller d'Säiten allerdéngs laang luede mussen, ass et besser, Thumbnails ze benotzen.

Syntax Resultat
[[Image:Prisma.png|Prisma]]

Prisma

[Änneren] Originalgréisst mat Rumm

Zënter MediaWiki 1.3 gëtt et d'Optioun "framed", z.B. [[Image:Numm|framed|Beschreiwung]]. D'Bild behält d'Originalgréisst, mee et gëtt agerummt.

Syntax Resultat
[[Image:Prisma.png|framed|E [[Prisma]] an enger Rumm]]
E Prisma an enger Rumm
E Prisma an enger Rumm

[Änneren] Thumbnails

Beschreiwung
Vergréisseren
Beschreiwung

Mediawiki kann och Thumbnails generéieren. Dofir musst dir thumb oder thumbnail tëscht de Numm an d'Beschreiwung schreiwen, zum Beispill

[[Image:Prisma.png|thumb|Beschreiwung]].


[Änneren] Biller skaléieren

Beschreiwung
Vergréisseren
Beschreiwung

Mat [[Image:Prisma.png|thumb|100px|Beschreiwung]] kann een d'Gréisst vum Thumbnail op 100 Pixel festleeën (Standard, wann een näischt agëtt, sinn 180 Pixel).


[Änneren] Lénks oder Riets

D'Optioune left, right an none bestëmmen op d'Bild lénks oder riets ugewise gi soll.

Syntax Resultat
[[Bild:Smile.png|left|E Smiley]]
E '''Smiley''' ass vrun allem am Chat e 
beléiften Emoticon. 
E Smiley

E Smiley ass vrun allem am Chat e beléiften Emoticon.

[[Image:Smile.png|right|E Smiley]]
E '''Smiley''' ass vrun allem am Chat e 
beléiften Emoticon. 
Ein Smiley

E Smiley ass vrun allem am Chat e beléiften Emoticon.

<center>[[Image:Pilzkorb.jpg|thumb|none|100px|E Kuerf voller Champignonen]] </center>

E Kuerf voller Champignonen
Vergréisseren
E Kuerf voller Champignonen

D'Optioun "none" zesumme mat <center>-Tags zentréiert d'Bild an enger Tabell.

[Änneren] Copyright

[Änneren] Recommandéiert Lizenzen

Luet w.e.g. nëmme Biller erop déi entweder aus dem Domaine public sinn oder déi ënnert der GFDL stinn. Zu all Bild muss eng Source an eng Lizenz op der Descriptiounssäit gespäichert sinn.

Wann där selwer den Auteur vun enger eropgeluedener Foto sidd, da kënnt der fräi bestëmmen, ënnert watfir eng Lizenz der äert Bild gäre setzt. Generell setzen d'Wikipedianer hir Biller ënnert d'GFDL Lizenz, mee der kënnt awer och en anere fräie Lizenztext opsetzen. Fräi heescht an deem Kontext, datt är Lizenz generell all Gebrauch vun ärem Bild erlabe soll (ë.Ë. ënner Oplage wéi z.B. d'Obligation fir iech als Auteur unzeginn) an net just den net-kommerzielle Gebrauch vun ärem Bild (esou eng net-kommerziell Lizenz ass op der Wiki zwar net formell verbueden, mee trotzdem ausdrécklech net erwënscht, an zwar aus diverse Grënn).

[Änneren] Fair Use

Déi engleschsproocheg Wikipedia verfiert dacks nom US-amerikanesche Fair Use-Prinzip. Heiansdo gesäit een och op der lëtzebuergeschsproocheger Wikipedia Biller, déi no deem Prinzip behandelt ginn, obwuel dëst Prinzip ënnert lëtzebuergeschem Recht guer net existéiert. Hei gouf dann argumentéiert, datt d'Server an den USA stinn an dofir US-amerikanescht Recht sech och op déi lëtzebuergeschsproocheg Wikipedia applizéiert. Aner Stëmme gebrauchen dogéint als Rattachementscritère d'Lokalisatioun vum Public vun enger Wikipedia, wat ënner Ëmstänn zur Applikatioun vum lëtzebuergesche Recht féiere kéint. Esoulaang dës Rechtsonsécherheet net vun engem lëtzebuergesche Geriicht definitiv a prinzipiell tranchéiert gouf, gëtt dofir generell recommandéiert, keng Biller ënnert Fair use Lizenz op dës Wikipedia eropzelueden. Liest heizou och den Artikel iwwert Diskussioun: Copyright-Paranoia vermeiden (engl.).

[Änneren] Sourcen

Wann dir gären e Bild gingt abauen, mee dir hutt awer kee passend, luusst emol bei Wikipedia:Biller am Domaine public.

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com