Automobile Club du Grand-Duché de Luxembourg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Automobile Club du Grand-Duché de Luxembourg, kuerz: ACL, ass dee gréisste Verkéiersklub vu Lëtzebuerg mat Sëtz zu Bartreng.
[Änneren] Geschicht
1932 ass den ACL gegrënnt gin. Mat Aufgabeberäicher wéi d’Förderung vum nationalen Automobilsport an der touristescher Berodung fir In- an Auslandsreesender huet de Club senge Memberen déi zwou éischt vun deene sougenannte Klubleeschtungen ugebueden, där der am Laf vun de Joeren nach méi dobäi sollten kommen.
Mat der Aféierung vum eegene Pannendéngscht (Service Routier) am Joer 1970, souwéi der Ariichtung vum Autotest-Zentrum (ACL-Diagnostic Center) am Joer 1985, goufen déi zwee haut wichtegst Piliere vum ACL an d'Liewe geruff.
Am Hierscht 1990, nodeems d'Adressen e puer mol geännert hunn, huet den ACL sech an der Lonkecher Strooss zu Bartreng néiergelooss.
Duerch séng aktiv Participatioun an der Gestaltung vum Lëtzebuerger Verkéierswiesen huet den ACL konséquent ëmmer Schrëtt mat der séierer Motoriséierung vun der lëtzebuerger Gesellschaft gehal an an der zweeter Halschent vum 20. Joerhonnert sech duerch säin Engagement den Éirentitel Autofuerer-Gewerkschaft verdéngt.