Alt.letzebuerger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
alt.letzeburger ass eng vun deene gréissten (déi gréisst?) Usenet-Newsgroups déi sech reng an der lëtzebuergescher Sprooch ofwéckelt.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
Den Ufank vun alt.letzebuerger zréck ze verfolgen ass obgrond vun der Usenetstruktur net ganz einfach. alt.letzebuerger feiert säi Gebuertsdag all 12. Mee, well deen eelsten Thread (Diskussioun), dee bis elo an den Archiver fonnt gouf, vum 12. Mee 1993 ass. Gegrënnt gouf se wahrscheinlech vu schwäizer ETH Studenten, woubäi och dat net bewisen ass.
[Änneren] Géigewaart
Momentan huet alt.letzebuerger ronn eng Doze Stammschreiwer. Am Schnëtt ginn tëscht 50 an 100 Posts am Mount geschriwwen. Am Summer gëtt et méi roueg, wat sech doduerch undeit, datt iergendee Schreiwer en Artikel mam Titel: "Vakanz?" post a freet, ob d'Schreiwer schonns all an der Vakanz wieren. Zënter Jore wëll alt.letzeburger mol en Treffen organiséieren. Leider si si dozou aus Mangel u Kompetenz net am Stand.
[Änneren] Themen
D'Themen an alt.letzebuerger si breed gefächert. Dobäi läit natierlech e Schwéierpunkt ob nationalen Themen wéi Groussveranstaltungen, de Wahlen, Handyréseauen anKlatsch an Traatsch iwwer déi national Politiker. Net ze vernoléissege sinn awer déi Themen, déi sech um internationale Geschéien intresséieren. Beléift sinn hei sportlech Groussereegnisser wei d'Olympiad zu Athen oder d'Foussball-WM a Portugal. Mee alt.letzeburerger diskutéiert net nëmme seriö an douteescht mee mécht hieren Alldag mat Ironie a Sarkasmus méi erdréiglech. E gewëssene Mindestanstand a Respekt virun der Netiquette gëtt verlaangt, mee et gëtt een net auserneegeholl, wann ee mol e Feeler mécht.
[Änneren] Stammschreiwer
Hir Stammschreiwer kommen net nëmmen hei aus dem Land. Hei mol e puer, wann ee feelt, w.e.g. korrigéieren:
Bjuis, Maurice - Iechternach, LU
Dardar, Patrick - Bouneweg, LU
Former, Thomas - Sachsen-Anhalt, DE
Frerker, Frank - Lëtzebuerg, LU
Gangolf, Jean - Iechternach, LU
Gentile, Federico - Wormer, LU
Grosser, Thorben - Konsdref, LU
Hansen, Steven - ???, LU
Jost, Armand - Sandweiler, LU
Kauffmann, Raymond - Leideleng, LU
Schmalen, Laurent - Ettelbréck, LU; Aachen, DE