Alkione (Astronomie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Alkione ass deen hellste Stär am Stärekoup Plejaden. Säi Numm bezitt hie vun de Plejade Alkione, déi an der griichescher Mythologie duerch de Poseidon der Mamm vun der Aithusa war. De Numm (arab.) bedeit "D’Kinnigin, déi dem béise Stuerm trotzt".
D’wëssenschaftlech Bezeechnung ass Eta Tauri (η Tauri). Den Alkione ass e Stär vun der Spektralklass B7 a mat der Liichtkraaftklass IIIe. Hien ass ca. 410 Liichtjoer ewech an huet eng scheinbar Hellegkeet vun +2,87 mag. Seng absolut Hellegkeet ass -2,50 mag. Den Alkione huet eng Uewerflächentemperatur vun ca. 25.600 Kelvin an eng blo Fuarf. Seng Liichtkraadt iwwersteigt déi vun eiser Sonn ëm dat 1.400 facht. Aus Berechnungen huet sech erginn, datt den Alkione den 3,4 fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn besëtzt. (Sonn = 1.392.000 Kilometer).
Koordinaten (Äquinoktium 2000.0)
- Rektaszension: 3h47m29.10s
- Deklinatioun: +24°6'18.0"