Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Alida Valli - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Alida Valli

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D' Alida Valli (* 31. Mee 1921 zu Pola, Istrien; † 22. Abrëll 2006 zu Roum; mam richtegen Numm Baroness Alida Maria Laura Altenburger von Marckenstein und Frauenberg) war eng italienesch Schauspillerin.

Hir éischt Rollen hat d'Alida scho mat 15 Joer a klenge Rolle beim italienesche Film. An de Joeren drop gouf se déi beléiftsten a gefrotsten italiensch Schauspillerin, si hat esouguer de Spëtznumm "La Fidanzata d'Italia" (D'Fiancée vun Italien). D'Lidd "Ma l'amore no", dat se am Film "Stasera niente di nuovo" (1942) gesongen huet, war joerelaang en Hit. 1943 huet se an der däitsch-italienescher Coproduktion "I pagliacci" (Bajazzo) no der Oper von Leoncavallo matgespillt. Well se sech weder vun Nazidäitschland, nach vum faschisteschen Italie fir Propagandazwecker aspane loosse wollt, huet se bis d'Enn vum Krich keng Filmrolle méi ugeholl.

Nom Krich huet se duerch e Kontrakt mam Produzent David O. Selznick probéiert, nees an d'Filmgeschäft ze kommen. Mee eréischt eng Roll am Alfred Hitchcock sengem "The Paradine Case" (1947) an d'Haaptroll - nieft dem Orson Welles an dem Joseph Cotten - an der Graham-Greene-Verfilmung "The Third Man" (1949, Regie: Carol Reed) huet hir international zum Duerchbroch verhollef. Dono hat se zu Hollywood awer just nach méi kleng Rollen. 1951 ass se nees an Italien hannescht gaangen, wou se ënnert dem Luchino Visconti an dem Bernardo Bertolucci (Novecento) Filmer mat Succès gedréint.

Hir lescht Filmroll hat d'Alida Valli an "Semana Santa" (2002). Am ganzen huet se a méi wéi 130 Kinofilmer an Tëleeproduktioune matgeschafft. Do dernieft hat si och am Theater gespillt, z.B. d'Greefin Geschwitz am Frank Wedekind sengem Lulu an der Inszenierung vum Patrice Chéreau, oder a Stécker vum Gabriele D'Annunzio oder Henrik Ibsen.

[Änneren] Filmographie

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com