Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Alexander VI. (Poopst) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Alexander VI. (Poopst)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Alexander  VI. op engem Fresko vum Pinturicchio an den Appartamenti Borgia, 1492 - 1495
Vergréisseren
Alexander VI. op engem Fresko vum Pinturicchio an den Appartamenti Borgia, 1492 - 1495

Den Alexander VI. (biergerlech Rodrigo de Borja, italienesch Borgia, * ëm 1430 zu Valenzia, † 18. August 1503) war vu 1492 bis 1503 Poopst vun der Kathoulescher Kierch am Joer 1294. Säi kathoulesche Gedenkdag ass den 18. August. Hie gëllt als ee vu de schrecklechste Muechtpolitiker a schillernste Peepst aus senger Zäit.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewen

[Änneren] D'Carrière vum Rodrigo Borgia

Säi Monni Alfonso Borgia, deen als Kalixt III. vu 1455 bis 1458 als Poopst regéiert huet, huet him e Weiderkommen an der kierchlecher Hierarchie erméiglecht.

De Rodrigo Borgia war zwar kee Paschtouer, dat gouf hien eréischt e puer Joer méi spéit, trotzdem hat säi peepstleche Monni hien zum Kardinol ernannt. Méi spéit war hien och nach Vizekanzler, dat en zu engem vun de räichste Männer an Europa gemaacht huet.

Trotz senger Kierchendignitéit war hie der Léift net ofgeneigt. Typesch fir d'Renaissance huet en dat och net probéiert ze verheemlechen. Mat der Mamm vu senge Kanner Juan (spéider Herzog vu Gandia), Cesare (spéider Herzog vu de Romagna), Lucrezia (spéider Herzogin vu Ferrara) a Jofré huet hien, deemools nach als Kardinol, ongeféier 20 Joer laang zesumme gelieft. Et si vill Erzielungen iwwer Orgien u sengem Haff iwwerliwwert.

[Änneren] De Poopst Alexander VI.

Den 10. August 1492 gouf hien zum Poopst Alexander VI. gewielt, woubäi et sech zäittypesch em Simonie (also Ämterkaf) gehandelt huet. Säin Nepotismus allerdengs huet een him spéider méi iwwelgeholl: Sengem Bouf Cesare huet hien, géint deem säi Wëlle, zum Bëschof ernannt. Och aner Spuenier, déi hien an d'Land geholl huet, goufe begënschtegt. Och legendär sinn d'Geschichten, déi sech dacks erzielt goufen, hien hätt mat senger eegener Duechter Lucrezia geschlof a lästeg Géigespiller mam berühmte "Borgia-Gëft" aus dem Wee geraumt.

Eng Villzuel vun Exzesser, déi him nogesot goufen, huet Kritiker haart gi geloos. De bekannteste Vertrieder gouf den Dominikanerpater Girolamo Savonarola vu Florenz, deen ugangs nach em friddlech Gespréicher mam Alexander beméit war an ouni Bedenken him zum Bestiednes vu senger Duechter Lucrezia gratuléiert hat. Den Dominikaner huet d'Ofsetzung vum Poopst gefuerdert, souwéi och kierchlech Reformen. Hien huet gepriedegt: "Där Kierchefürsten, ... nuets gitt der bei är Konkubinen a moies bei är Sakramenter."

Bei enger spéiderer Geleeenheet sot hie mol: "Dës Kierchefürste hunn d'Gesiicht vun enger Houer, hier Bekanntheet schuet vill der Kierch. Ech soen iech, se hale näischt vum chrëschtleche Glawen."

Fir datt de Savonarola roueg soll sinn, huet den Alexander VI. him de Kardinolshutt ugebueden. De Savonarola ass haart bliwwen a huet refuséiert. Doropshin gouf en exkommunizéiert a vu senger Stad Florenz arrestéiert, gehaang a verbrannt.

Den 18. August 1503 ass den Alexander VI. u Syptomer, déi op eng Arsenvergëftung higedeit hunn, gestuerwen.


[Änneren] Bewertung

[Änneren] Seng Verdengschter

Dem Alexander säi Beméien em eng geuerdnet Verwaltung vun der Kierch a vum Kierchestaat sinn onemstridden. Wéineger onemstridde si seng Verdengschter em d'Missionéierung vu Südamerika. 1494 hat hien duerch de Vertrag vu Tordesillas d'Welt tëscht de Séimuechte Portugal a Spuenien opgedeelt, fir den Interessekonflikt vu dëse béide chrëschtleche Muechten opzehiewen.

Ernimmt sollt awer och ginn, datt den Alexander ville Judden Asyl a Roum ginn huet, déi no der Reconquista an Andalusien verdriwwe goufen an op de Protest vun den "allerchrëschtlechsten" spuenesche Kinneke Kathoulesch Kinneken ("Los Reyes Católicos") Isabel I. a Fernando II., mat de Wierder "en hätt de Judde säi Schutz versprach, an dobäi bleiwt et" geäntwert huet.


[Änneren] Liewenswandel

Dem Alexander säi Liewenswandel ënnerscheet sech u sech net signifikant negativ vu de Liewenstiler vu anere (Kierche-)Fürsten aus dëser Zäit. En Uerteel iwwert seng Frëmmegkeet léisst sech net fällen. Gemooss um Usproch vum Poopstëm ass hien awer kritesch ze gesinn. Hien ass bekannt dofir, Kardinole géint Geld z'ernennen, fir se dann embréngen ze loossen. Veruerteelte Mäerder huet hie géint eng entspriechend Spend begnadegt. Iwwerliwwert ass säi Sënnsproch: "Den Härr wëll net de Doud vun engem Sënner, mee datt e lieft a bezillt."

Ongwinnt a beim italieneschen Adel verhaasst war säin ëffentlech Bekenntnes zu senge Kanner, d'Muechtpolitik déi e mat hinnen bedriwwen huet an déi Sonnerbehandlung vu spuenesche Adelsfamillen, déi duerch hien a ganz Italien Fouss faasse konnten. De Giovani de Medici sot eng Kéier iwwert den Alexander: "Lo si mer am Grëff vum villäicht wëllste Wollef, deen d'Welt je gesinn huet."

Den Alexander war ouni Zweifel liewenslëschteg, sënnlech a muechtbewosst. Datt e sech nach am Alter vu 70 Joer eng ganz jonk Maîtresse gehalen huet, muss suguer zu déier Zäit e Skandal gewiescht sinn. Anerersäits sprëcht seng oppe Kritik um ausschweifende Liewe vu sengem Bouf Cesare an déi eegen Aarbechtsdisziplin vum Poopst, dee scho fréi mueres um Schreifdësch soutz, géint säi zweet Liewe mat (och Drénk-)Orgien.

Bemierkenswert ass och, datt seng Invitatiounen op Iesse wäithi gefaart waren an no Méiglechkeet gemidde goufen: Net well een hätt kënne vergëft ginn, mee well emmer nëmmen ee Plat zervéiert gouf, wat suguer a ville Kléischter als Zoumuddung empfond gi wär.

[Änneren] Den Zwingli iwwer den Alexander VI.

De Schwäizer Reformator Ulrich Zwingli huet den Alexander dacks schaarf attackéiert. Hien huet him virgehäit, géint dat grondleeend 1. Gebott ("Du solls keng aner Gëtter nieft mer hunn", Exodus 20,3), dat et dem Mënsch ënnert anerem verbitt, sech selwer zu engem Gott ze erhiewen, ze verstoussen. Domatt weist sech, sou den Zwingli, d'Widderchrëschtlechkeet vun der réimesch-kathoulescher Kierch. Hannergrond ass en Text deen a Roum bei der Kréinung vum Alexander VI. zum Poopst ze liese war:

"Roum hat grouss en Caesar gemaach.
Elo hieft den Alexander et zum Gipfel erop,
Mënsch deen,
dësen ee Gott!"

Nom Fritz Blanke, Haaptschrëfte vum Ulrich Zwingli, Bd. IX: Zwingli, der Theologe. Teil 1: Kommentar Huldrych Zwinglis über die wahre und falsche Religion, übersetzt und erläutert von Fritz Blanke, 1941, S.4; Kuck och: Klabund: Borgia

Donou bemierkt den Zwingli an der Virried zum Commentarius de vera et falsa religione vu 1525:

"Mir kënnen et net verleegenen: 'Gott op der Äerd' hu mer hie genannt"
(a.a.O., S.3f).

Well den Alexander sech "Gott" nenne gelooss huet, wier hie vum chrëschtleche Glawen ofgefall.

[Änneren] Literatur

  • Geiger, Ludwig (Hg.): Alexander VI. und sein Hof. Nach dem Tagebuch seins Zeremonienmeisters Burcardus; Stuttgart: Lutz, 1912
  • Herrmann, Horst: Die Heiligen Väter. Päpste und ihre Kinder; Berlin: Aufbau-Taschenbuch-Verlag, 2004; ISBN 3746681103 (neue Sicht)
  • Reinhardt, Volker: Der unheimliche Papst. Alexander VI. Borgia; 1431 - 1503; München: Beck, 2005; ISBN 3-406-44817-8
  • Reichenberger, Kurt; Reichenberger, Theo: Der Borgiapapst Alexander VI - Monster oder Märthyrer?; Kassel: Edition Reichenberger, 2003; ISBN 3-935004-68-0

[Änneren] Um Spaweck


Virgänger Nofolger
Innozenz VIII. Lëscht vun de kathoulesche Peepst Pius III.
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com