Albertkanal
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Albertkanal ass e Kanal an der Belsch.
En huet eng Längt vun 130 km a ka vun ganz grousse Schëffer am Rheingabarit, Klass CEMT VIb wat Schëffer vun enger Längt vun 185 m bis 195 m an enger Maximalbreet vun 22.8 m ëntsprecht, befuer ginn.
De maximalen Déifgank ass 4,5 m an d'maximal Héicht ënner de Brécken ass 8.8 m.
Den Albertkanal verbënnt den Hafe vu Léck op der Meuse mat dem Hafe vun Antwerpen op der Schelde a mat der Nordséi.
En ass gebaut gi fir d'Belsch vum hollännesche Waaserstrossennetz onofhängech ze maachen.
D'Aarbechten hunn 1930 ugefaangen an de Kanal ass 1939 fir d'International Waasserausstellung zu Léck ageweit ginn.
Um Kanal gëtt et 6 Schleisen déi am Ufank fir Schëffer mat engem Tonnage vun 2000 Tonnen gebaut gi waren. 1997 ass en ausgebaut ginn op en Tonnage vun 9000 Tonnen.
All Joer ginn ongeféeir 40 Milliounen Tonnen drop transportéiert.
Zu Léck am Hafen ass den Waaserstand 60 m iwwer dem Mier. Am leschte Baseng zu Antwerpen, am Becken Lefèbvre ass en 4.25 m iwwer dem Mier.
Di 6 Schleise sinn:
- Schleis vu Genk
- Schleis vun Diepenbeek
- Schleis vun Hasselt
- Schleis vu Kwaadmechelen
- Schleis vun Olen
- Schleis vu Wijnegem
Um Kanal gëtt ët nach ee Koup aner Schleisen, déi Verbindung mat anere Wasserstrossen maachen. Sou fënnt een direkt nom Hafe vu Léck d'Monsin-Schleis, duerno kënnt d'Schleis vu Visé. Just virun der Tranchée de Caster ass Schleis vu Lanaye direkt hanner der Bréck vu Lanaye. Dës Schleis mecht Verbindung mat dem Kanal vun Lanaye op der Meuse dén an den Julianakanal gét.
Eng Verbindung mam Kanal Zuid-Willems-Vaart gëtt iwwer e Schleisebaseng tëschent Briegden an Neerharen mat enger Schleis bei Tournebride gemeet.
Den Dessel-Kwaadmechelen-Kanal ass tëschent Dessel a Kwaadmechelen a mecht eng schif Verbindung mam Bochelt-Herentals-Kanal. De Waaserniveau vun dësem Kanal gëtt durch d'Schleise vu Kwaadmechelen um Albertkanal an durch d'Schleise vun Diel um Bocholt-Herentals-Kanal garantéiert.
D'Schleis vu Viersel mecht Verbindung mam Neterkanal an d'Schleis vu Schoten mecht Verbindung mat der Schotenvaart.