Albert Leblanc
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Albert Leblanc, gebuer den 24. Dezember 1903 zu Sprimont an der Provënz Léck an der Belsch, a gestuerwen de 6. Februar 1987 an der Stad Lëtzebuerg, war en Organist an e Komponist.
De Maître Albert Leblanc war vun 1926 bis 1987 Organist an der Kathedral Notre-Dame (Lëtzebuerg).
Säi Virgänger war den Jean-Pierre Beicht a säin Nofolger de Carlo Hommel.