Aepréifer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Aepréifer ginn oft déi zwou Komponenten vum opteschen Duebelstärsystem Mizar (ζ UMa) an Alkor bezeechent, déi de mëttleren Däichselstär vum Stärebild Grousse Won duerstellen. Déi zwee Stären hu ronn 700 Bousekonnen Wénkelofstand vuneneen, hir Distanz zur Äerd bedréit 81 bzw. 78 Liichtjoer; si sinn also net duerch Schwéierkraaft gebonnen.
D’ Stärepuer soll mat dem normalsichtegen A, wat een Opléisungsverméigen vu ronn 30-120" (Bousekonnen) huet, bei gudde Siichtbedéngungen ouni Weideres getrennt gesi ginn. Bei der réimescher Reitarméi war dëst e „Muss“. Huet een déi zwee Stäre net ausernee konnten halen, ass een an der Reitarméi net ugeholl ginn.
Weider Stärepuer, déi als "Aepréifer" bezeechent kënne ginn, sinn Algiedi, Theta Tauris, My Scorpii, Epsilon Lyrae an Delta Gruis.