Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Émile Schaus - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Émile Schaus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Emile Schaus (1948)
Vergréisseren
Den Emile Schaus (1948)

Den Émile Schaus, gebuer den 12. Februar 1903 zu Rëmmereg am Préizerdall, a gestuerwen den 19. Juli 1994, war e lëtzebuergesche Pedagog, Politiker a Schrëftsteller.

No senge Studiejoren zu Paräis, München a Berlin gouf den Émile Schaus Sproochprofesser, fir d'éischt zu Dikrech, duerno am Kolléisch an der Stad. Wéinst senge patrioteschen Usiichten gouf hie vun den Nazi-Besatzer an d'Lager Wittlich, d' Hinzert dunn an d' Konzentratiounslager Dachau verschleeft.

Duerch glécklech Ëmstänn koum de Schaus schonns 1942 fräi. 1945 war hien e puer Méint innepolitesche Redakter beim déizäitege Luxemburger Wort an am selwechte Joer gouf en zum Direkter vun der Normalschoul ernannt, e Posten, op deem hie bis 1959 bliwwen ass.

Den Émile Schaus war ee vun de Grënner vun der AFP an do bis 1951 Generolsekretär.

Den Ufank vu senger politescher Carrière waren d'Gemengerotswalen 1952. De Schaus koum an de Gemengerot, an 1958 gouf hie CSV-Schäffen, an ee Joer méi spéit war en ënner dem Pierre Werner Minister fir Akerbau, Erzéiung, Bevëlkerung a Famill. No 1964 war hien Deputéierten an der Chamber, Vertrieder vu Lëtzebuerg am Europarot a fir d'lescht Memer vum Europäesche Parlament. 1968 huet den Émile Schaus d'Politik un de Nol gehaangen, an hien huet vu senger Pensioun profitéiert fir ze schreiwen.

Do koume villerlee Bicher eraus: Krichsmemoiren, Lokalgeschichtleches, Jugendliteratur wéi Paul und Zorro oder Familljeromaner wéi Marianne Bourkels. Awer och schonns virdrun hat hie Munneges geschriwwen, wéi 1946 Aus den Memoiren eines Douaniers.

[Änneren] Dem Émile Schaus säi literarescht Wierk

  • Auf der Galeere. Ein Kriegsroman, e Buch dat 1982 relativ spéit erauskoum ass dem Schaus seng Ausenanersetzung mat der Nazi-Diktatur. An dësem autobiographesche Schlësselroman begleet de Lieser dem Schaus säin Held Tony Bourkels, e "gudde Lëtzebuerger" duerch d'Hell vun der Nazi-Diktatur.
  • Schne'g. Eine Katzengeschichte, ass e Krichsroman, an deem dat deeglecht Liewe vun enger stater Famill an den éischte Krichsjoren verwuess ass mam mäerchenméissege Liewe vun engem Kueder.
  • Aus den Memoiren eines Douaniers heescht dem Schaus säin zweete Roman.

[Änneren] Linken

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com