Jean Fourastié
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Fourastié, * 15. Abrëll 1907, † 25. Juli 1990, war e franséischen Economist.
Hien huet an der franséischer Administratioun (Contrôle des Assurances) seng Carrière ugefaang. Duerno gouf hie mat engem Cours iwwert d'Assurancen um Conservatoire National des Arts et Métiers chargéiert. Et war den Ufank vun enger laanger Carrière am Enseignement. Hien huet ënnert anerem och op den Hautes Etudes Commerciales an den Sciences Po dozéiert.
De Jean Fourastié huet vill publizéiert, nit nëmmen iwwert economesch Froen. Statistesch Sujeeën, soziologesch, futuristesch an Educatiounsfroen louchen him och um Härz.
Säi bekanntste Buch ass iewer: Le grand espoir du XXième siècle, eng Publicatioun, an där hien d'Theorien iwwert de Wirtschftswuesstum vum Colin Clark opgräift, verfeinert an ausbaut. Himno gëtt ët eng Ausiicht, datt ët de Mënschen an der Zukunft besser geet, da wann déi aktiv Bevëlkerung lues a lues ëmgeschicht an an d'sekundär an tertiär Wirtschaftsektoren transféréiert gëtt, an déi Sektoren also, wou d'Aarbecht nit méi sou beschwéierlech ass.
[Änneren] Säi Wierk
Hei sinn nëmmen e puer Publicatiounen aus dem immense Wierk vum Jean Fourastié erausgegraff, Publicatiounen, déi a vill aner Sproochen iwwersat gi sinn:
- Le contrôle de l'État sur les sociétés d'assurances. Paris, Faculté de Droit, 1937, 275 p.
- Le Nouveau Régime juridique et technique de l'assurance en France. Paris, L'Argus, 1941, 282 p.
- La Comptabilité. Paris, Presses Universitaires de France, 1943, 128 p. (Coll. Que sais-je?
- Comptabilité générale conforme au plan comptable général. Paris, Librairie générale de droit et de jurisprudence, 1944, 271 p.
- L'Économie française dans le monde, Mat der Collaboratioun vum Henri Montet. Paris, Presses universitaires de France, 1945, 136 p., (Coll. Que sais-je ? n° 191).
- Les Assurances au point de vue économique et social. Paris, Payot, 1946, 132 p. (Bibliothèque économique).
- Esquisse d'une théorie générale de l'évolution économique contemporaine, Paris, Presses Universitaires de France, 1947, 32 p.
- La Civilisation de 1960. Paris, Presses universitaires de France, 1947. 120 p. (Coll. Que sais-je ? n° 279).
- Note sur la philosophie des sciences, Paris, Presses Universitaires de France, 1948, 36 p.
- Le Grand Espoir du XX esiècle. Progrès technique, progrès économique, progrès social. Paris, Presses Universitaires de France, 1949, 224 p.
- Le progrès technique et l'évolution économique, Institut d'Études Politiques de PariItalic Texts, Paris, les cours de Droit (deux fascicules), 1951-52, 249 p.
- La Grande Métamorphose du XXe siècle. Essais sur quelques problèmes de l'humanité d'aujourd'hui. Paris, Presses universitaires de France, 1961, 224 p.
- Les 40 000 heures. Paris, Gonthier-Laffont, 1965. 247 p. (Coll. Inventaire de l'avenir n°1).
- Ce que je crois, Paris, Grasset, 1981, 308 p.