Chrëschtdag
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Chrëschtdag feieren d'Chrëschten d'Gebuert vum Jesus vun Nazaret, an dem si de Jong Gottes gesinn. Et ass no Ouschteren dat wichtegst Fest vum Chrëschtentum.
Liturgescht Joer |
---|
|
Et läit haut an deene meeschte westleche Staaten all Joers um 25. Dezember, mee d'Chrëschtfeiere selwer fänke schonn den Dag virdrun op Hellegowend un. An den orthodoxe Kierchen, déi liturgesch um julianesche Kalenner festhalen, fält Chrëschtdag op de 7. Januar (wat de 25. Dezember am julianesche Kalenner ass).
Fest Bestanddeeler vu Chrëschtdag sinn zënter dem 13. respektiv 16. Joerhonnert eng Krëppchen an e Chrëschtbeemchen. Op Hellegowend bréngt d'Chrëschtkëndchen oder (ëmmer méi dacks) de Weihnachtsmann de brave Kanner Cadeauen. Doduercher ass d'chrëschtlecht Fest hautesdaags dacks zu engem éischter weltleche Konsumfest verkomm, wat virun allem de Commerce freet.
[Änneren] Geschicht
Als kierchleche Feierdag ass de 25. Dezember zënter 336 zu Roum beluegt; wou en hierkënnt ass allerdéngs ëmstridden. Dacks gëtt dat réimescht Fest vum Sonnegott (sol invictus) als Ursprong ugeholl; dat germanescht Julfest ass eréischt méi spéit beluegt ginn.