Biergbau
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Biergbau bezeechent den Ofbau vu Buedemschätz.
Dës kënnen Äerzer oder soss Metaller sinn, mee och fossil Brennstoffer, wéi Brong- oder Steekuel, Mineralien oder Salz.
Biergbau kann ënner Dag a Galerien, oder iwwer Dag geschéien.
Zu Lëtzebuerg war et haaptsächlech d'Minette, déi am Biergbau ofgebaut gouf. Kuckt heifir den Artikel: "Biergbau zu Lëtzebuerg".
[Änneren] Literatur
- Nationale Minnemuséium zou Rëmëléng (Marcel Klein †) 1985 Dréckerei St Paul Lëtzebuerg
- D'Aarbecht an de Galerien (Norbert Quintus)1988 Dréckerei St. Paul Lëtzebuerg
- Bergbauliche Geschichtsblätter (Fernand Lorang) 1999 Dréckerei St. Paul Lëtzebuerg
- Dem Biergmann seng Luuchten (Willy Allamano) 2005 Dréckerei Polyprint