Augusto Pinochet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Augusto José Ramón Pinochet Ugarte [pinoˈʧεt] (* 25. November 1915 zu Valparaíso, † 10. Dezember 2006 zu Santiago de Chile) war e chilenesche Generol an Diktator. Vum 11. September 1973 bis zum 11. März 1990 huet hien Chile regéiert: fir d'éischt als President vun enger Militärjunta dono als President (ouni awer je gewielt gewiescht ze sinn). Hie war ee vun den Haaptleit beim Putsch géint den deemolege sozialistesche President Salvador Allende.
An deene 17 Joer wou en un der Muecht war, waren Arrestatiounen, Folterung, Muerd oder Verbannung vu politesche Géigner feste Bestanddeel vum Pinochet senger Politik ein. D"Kommissioun fir Wourecht a Reconcilliatioun" huet 2.095 doudeg an 1.102 "verschwonne" Prisonnéier gezielt, aner Quellen zielen der Honnerte méi.
27.255 Leit krute spéider de Status als politesch Gefaangener unerkannt, dorënner 13 % Fraen; bal all goufe systematesch gefoltert. Honnertdausende vu Chilenen hunn d'Land verlooss, fir virum Regime fortzelafen.
De Pinochet gouf, nodeems e Walen zougelooss hat, den 11. Mäerz 1990 vum Patricio Aylwin als President ofgeléist. Well e sech d'Verfassung virdrun op d'Mooss schneidere gelooss hat, blouf e Senator op Liewenszäit, wat em politesch Immunitéit ginn huet, a bis 1998 Commandant en Chef vun der Arméi.
De Pinochet ass, eng Woch no engem Herzinfarkt, am Alter vun 91 Joer gestuerwen, ouni fir d'Verbriechen, déi ënnert senger Herrschaft geschouchen, veruerdeelt ginn ze sinn.
[Änneren] Kuckt och
Commons: Augusto Pinochet – Biller, Videoen oder Audiodateien |