West Side Story
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | West Side Story |
Produktiounsland: | USA |
Produktiounsjoer: | 1961 |
Dauer: | 152 Minutten |
Originalsprooch: | Englesch/Spuenesch |
Equipe | |
Regie: | Robert Wise Jerome Robbins |
Dréibuch: | Ernest Lehman nom Theaterstëck vum William Shakespeare |
Kamera: | Daniel L. Fapp Technicolor Panavision 70 mm |
Musek: | Leonard Bernstein fir de Film och vum Saul Chaplin |
Produzent: | Robert Wise Mirish Pictures United Artists |
Haaptacteuren | |
Natalie Wood als Maria Richard Beymer als Tony Russ Tamblyn als Riff Rita Moreno als Anita George Chakiris als Bernardo Ned Glass als Doc Simon Oakland als Lt. Schrank |
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] De Musical
De Musical West Side Story gouf geschriwwe vum Arthur Laurents (Geschicht) a Stephen Sondheim (Dialogen) nom Theaterstëck Romeo a Julia vum William Shakespeare. D'Musek huet de Leonard Bernstein komponéiert. D'Choreographie ass vum Jerome Robbins.
De Musical ass fir d’éischt am Winter Garden Theater um Broadway zu New York de 26. September 1957 opgefouert ginn. De Succès vum Stéck war grouss, an et huet et op 732 Opféierunge bruecht.
[Änneren] De Film
Duerch de grousse Succès um Broadway gouf de Musical vum Robert Wise a Jerome Robbins verfilmt.
D’Geschicht vu Romeo a Julia spillt am Musical an de 1950er Joren zu New York. D' Rivale sinn am Musical keng Adleg, mee zwou Gruppe vu Jugendlechen. Déi eng Säit déi amerikanesch Jets an déi aner Säit déi puerto-ricanesch Sharks. Déi zwou Clique leie stänneg am Sträit, bis den Amerikaner Tony (Richard Beymer) sech an d'Puerto-Ricanerin Maria (Natalie Wood) verléift……
[Änneren] Iwwert de Film
D' Titele vum Film, déi als Strécher um Écran ufänken an zum Schluss de Quartier an deem de Film sech ofspillt, aus der Luucht weisen, si vum Saul Bass gemeet ginn.
De Film ass op enger duebler DVD erauskomm.
[Änneren] De Film an de Medien
So the dancing is remarkable, and several of the songs have proven themselves by becoming standards, and there are moments of startling power and truth. "West Side Story" remains a landmark of musical history (Roger Ebert, amerikanesche Filmkritiker)
[Änneren] Gielercher
- De Film krut am Joer 1962: 10 Oscaren, ënner anerem:
- Beschte Filmregie: Robert Wise a Jerome Robbins
- Beschte weiblech Nieweroll: Rita Moreno
- Beschte männlech Nieweroll: George Chakiris
- Dräi Golden Globen (1962):
- fir de Robert Wise, de George Chakiris an d' Rita Moreno
- New York Film Critics Circle Awards: Beschte Film vun 1961