Vidkun Quisling
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Vidkun Abraham Lauritz Jonssøn Quisling, gebuer den 18. Juli 1887 zu Fyresdal, an higeriicht de 24. Oktober 1945 zu Oslo an Norwegen war en norwegesche Politiker an Offizéier. Hie war vun 1942 bis 1945 Ministerpresident vun Norwegen.
Seng politesch Carrière ass 1922 ugaangen, wéi hie Mataarbechter vum Fridtjof Nansen gouf. Tëscht 1927 an 1929 war en Diplomat zu Moskau. 1931 war e Krichsminister, mee 1933 ass en aus der Regierung gaangen. Nom Virbild vun der NSDAP huet en 1933 eng antidemokatesch an oppen antisemitesch Partei gegrënnt, d'Nationale Samling. Bei de Walen vun 1936 koum déi op 50.000 Stëmmen.
Nom Ausbroch vum Zweete Weltkrich trëtt de Quisling fir eng däitsch Besetzung vun Norwegen an. No der däitscher Invasioun, den 9. Abrëll 1940 huet hien d'Féierung vum Land iwwerholl, vum 1. Februar 1942 un mam Titel Ministerpresident. Den eigentlechen Här a Norwegen war awer de Reichskommissar Josef Terboven.
No der däitscher Kapitulatioun gouf de Quisling de 9. Mee 1945 verhaft. Hie gouf zum Doud veruertelt an de 24. Oktober vum selwechte Joer higeriicht.
Zënterhier ass den Numm "Quisling" e Synonym fir Kollaborateur
Dem Quisling seng russesch Fra, Maria Wassiljevna, huet bis zu hirem Doud an de 70er Joren zu Oslo gewunnt.