Victor Thorn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Victor Thorn (* 31. Januar 1844 zu Esch-Uelzecht, † 15. September 1930 an der Stad Lëtzebuerg) war e lëtzebuergesche Politiker.
[Änneren] Säi Liewen
De Victor Thorn huet vun 1863 bis 1866 zu Gent, Heidelberg an Dijon Droit studéiert. 1867 gëtt hien Affekot a schafft an der Magistratur (bis 1883). 1883 gouf hie Staatsprocureur, an tëschent 1885 an 1888 war e Member vum Staatsrot. Vun 1888 bis 1892 war hie Generaldirekter (Minister) fir ëffentlech Bauten an der Regierung Eyschen.
1899 gouf de Victor Thorn Procureur général. 1915 war en an der Regierung Mongenast Minister fir Justiz an ëffentlech Bauten. 1916 huet d'Regierung Loutsch, déi deer vum Mongenast nogefollegt war, missen demissionéieren, well s'e Vertrauensvote an der Chamber net iwwerstanen hat. E knappse Mount méi spéit konnt de Victor Thorn eng nei Regierung presentéieren, an deer déi dräi grouss Parteie vertruede waren. Et goung virun allem drëms, d'Versuergungskris am Land, déi duerch de Krich ëmmer méi grouss gouf, meeschter ze ginn. D'Regierung huet d'Liewensmëttel rationéiere gelooss an Héchstpräisser festgeluecht, mee doduercher gouf just de Schwaarzmaart gestäerkt an d'Spannungen tëschent der Stad- an der Landbevëlkerung vergréissert. 1917 koum et am Minett zu engem Streik, dee vun der däitscher Arméi opgeléist gouf. Schliisslech huet de Landwirtschaftsminister Michel Welter d'Vertraue vun der Chamber entzu kritt, a mat him ass déi ganz Regierung gefall.
Bis 1929 war de Victor Thorn President vum Staatsrot. Vun 1921 bis 1927 war hie permanente Member vun der Cour d'Arbitrage zu Den Haag.
Hien ass 1930 an der Stad gestuerwen.