Spelz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Triticum spelta L. | |||||
Klassesch Klassifikatioun | |||||
Räich : | Planzeräich | ||||
Ënnerräich : | Gefässplanzen | ||||
Iwwerofdeelung : | Somplanzen | ||||
Ofdeelung : | Bléieplanzen | ||||
Klass : | Liliopsida | ||||
Uerdnung : | Poales | ||||
Famill : | Grieser | ||||
Gattung : | Weess | ||||
Aart : | Spelz | ||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||
Triticum spelta L. | |||||
Spelz (Triticum spelta L.) ass eng Fruuchtzort, déi als Virleefer vum heitege Weess gëllt.
An anere Sproochen:
- d.: Dinkel
- engl.: spelt
- fr.: épeautre
- it.: spelta
- sp.: espelta
[Änneren] Geschicht
Bis virun honnert Joer war de Spelz an Europa wäit verbreet a gouf dunn allerdéngs vum Weess ëmmer méi verdrängt an dat bis déi nei Naturkaschternierung erëm entdeckt gouf. Spelz fënnt een dowéinst erëm méi op de Felder, wat absëns zeréckzeféieren ass op Efforten an déi Richtung vum ökologeschen Akerbau. Zu Lëtzebuerg ass et apaart d'Spelzgenossenschaft Naturpark Öewersauer, déi d'Virdeeler vum Spelz ze schätze weess.
[Änneren] Eegeschaften
Spelz ass nämlech guer net exigent wat de Buedem ugeet, en ass robust an net besonnesch krankheetsufälleg. Dozou kënnt nach, datt Spelz net mat anere Fruuchtzorte gekräizt ginn ass, well e relativ schwéier ze verschaffen ass, an doduerch seng ursprénglech Eegeschafte behale konnt, deenen eng besser gesondheetlech Verdreeglechkeet zougeschriwwe gëtt. Spelz huet e wierzegen a nëssege Goût.
[Änneren] Verwendung
De Lëtzebuerger Spelz gëtt virun allem fir Brout, Béier an Deegwuere gebraucht. Spelz fënnt haut an der Vollwäertkichen erem vill Verwendung a e kann als Zousatz fir Kniddelen, Zoppen an Gratin benotzt ginn.
D' Brauerei Simon vu Wolz braut zënter e puer Joer Simon Dinkel-Béier.
[Änneren] Inhaltsstoffer
Spelz huet vill Magnesium, Eisen, Zénk a Mangan.
[Änneren] Gesondheetswäert
Spelz ass net glutefräi, dofir solle Leit déi mat Zöliakie geplot sinn, kee Spelz iessen.
[Änneren] Triviales
De Batteur vun der Rock-Grupp Mild'N vun Zürich heescht Simon Dinkel