Spa
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Spa ass eng belsch Stad a Gemeng an der Provënz Léck. Si huet 10 000 Awunner an ass als Thermalbad säit laanger Zäit bekannt, warscheinlech schonn zur Zäit vun de Réimer. Spa ass zu engem Begrëff ginn, wat d'Thermalbierder ugeet. Den Thermalbegrëff Spa gëtt meeschtens op d'Stad Spa zereckgeféiert, munnechmol och op d'Formel: Sanitas per Aqua (Gesondheet duerch d'Waasser).
Zu Spa hu sech an der Zäit d'Eliten aus der ganzer Welt Rendez-vous ginn: den Dichter Victor Hugo, den Tsar Péiter de Groussen vu Russland (fir sech do vum Wodka ze désintoxiquéieren), déi ganz belsch Kinneksfamill, den Alexandre Dumas (Papp), de Casanova, ënnert aneren. D'mondaint Liewen zu Spa am 18. Joerhonnert ass gutt am Film Barry Lyndon vum Stanley Kubrick duergestallt. Et ass iwwregens zu Spa, wou deen éischten moderne Casino gebaut gouf.
Am Mäerz 1918, hat déi däitsch Arméi hiren Haaptquartéier zu Spa ageriicht an huet vun do aus déi lescht gréisser däitsch Offensiv am Éischte Weltkrich déclenchéiert. Nodeem datt et eng Zäit méi roueg zu Spa gi war, huet den Thermalissem zënter den 1950er Joren e neien Héichpunkt erreecht.
Op der Héicht, déi Spa dominéiert, goufen d'Installatiounen Annette a Lubin gebaut, zu deenen haut eng Seelbunn féiert.
Zu Spa gëtt et och vill Geleeënheeten fir spazéieren ze goen.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Circuit vu Francorchamps
[Änneren] Um Spaweck
- Säit vun der Stad Spa
- Circuit vu Spa-Francorchamps
- D'Spa-Waasser
- Geschicht vu Spa an Hiweiser op déi al Familjen vu Spa
|
|||
Amay | Amel | Ans | Anthisnes | Aubel | Awans | Aywaille | Baelen | Bassenge | Berloz | Beyne-Heusay | Blégny | Braives | Büllingen | Burdinne | Burg-Reuland | Bütgenbach | Chaudfontaine | Clavier | Comblain-au-Pont | Crisnée | Dalhem | Dison | Donceel | Engis | Esneux | Eupen | Faimes | Ferrières | Fexhe-le-Haut-Clocher | Flémalle | Fléron | Geer | Grâce-Hollogne | Hamoir | Hannut | Héron | Herstal | Herve | Huy | Jalhay | Juprelle | Kelmis | Léck | Lierneux | Limbourg | Lincent | Lontzen | Malmedy | Marchin | Modave | Nandrin | Neupré | Olne | Oreye | Ouffet | Oupeye | Pepinster | Plombières | Raeren | Remicourt | Saint-Georges-sur-Meuse | Saint-Nicolas | Sankt Väit | Seraing | Soumagne | Spa | Sprimont | Stavelot | Stoumont | Theux | Thimister-Clermont | Tinlot | Trois-Ponts | Trooz | Verlaine | Verviers | Villers-le-Bouillet | Visé | Waimes | Wanze | Waremme | Wasseiges | Welkenraedt |
|||
Belsch | Provënzen | Gemengen |