Sherry
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sherry, bäi sech doheem Xérès, ass e wäisse versate Wäin, deen am Süde vun Andalusien, Spuenien produzéiert gëtt.
De bekannte Xéres-Esseg gëtt och aus dëse Wäiner gemaach.
D'Wéngerte leien op Kalleksbiedem an der Provënz Cadix un der Süd-West Spëtz vun Andalusien, am Süde vu Spuenien. Si leien an engem Dräieck tëschent de Stied Jerez de la Frontera, Sanlúcar de Barrameda a Puerto de Santa María.