Pierre Frieden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Pierre Frieden (* 28. Oktober 1892 zu Mäertert, + 23. Februar 1959 zu Zürich) war e lëtzebuergesche Politiker a Schrëftsteller.
Tëscht 1912 an 1916 studéiert de Pierre Frieden Philosophie a Literatur an der Stad an zu Freiburg, Zürich, Genf a München. 1919 gëtt hie Prof a gëtt bis 1940 Coursen zu Dikrech am Lycée, am Stater Athenäum an um Cours Supérieur.
Vum 18. September bis de 4. November 1942 ass hien am KZ Hinzert gefaangen.
1944, no der Liberatioun vu Lëtzebuerg, gëtt hie Minister fier Erzéiung, Kultur a Wëssenschaften ënnert dem Pierre Dupong. Des Fonctioun hält hien an der Regierung vum Joseph Bech bäi, deen nom Doud vum Pierre Dupong 1953 Premier gëtt. Do derbäi kommen nach d'Portefeuillën Familljen- an Innepolitik.
1958, den 29. Mee, gëtt de Pierre Frieden zousätzlech Staatsminister a Regierungspresident. Mee scho knaps e Joer dono sollt hien zu Zürich verscheeden (23. Februar).
Hie war bestuet mat der Madelaine Kinnen.
[Änneren] Säi literarescht Wierk
Dem Pierre Frieden säi literarescht Wierk dréit sech ëm de Mënsch am Liicht vun engem kathouleschen Humanismus. Hien huet vill Bicher an Artikele verëffentlecht.
- De la primauté du spirituel
- Variations sur le thème humaniste et européen
- Vertus de l'humanisme chrétien
- Das französische Bildungswesen in Geschichte und Gegenwart
- Meditationnen um den Menschen. Band 1
- Meditationnen um den Menschen. Band 2
- Fritz Endres. Erlebnissse aus Gefängnis und KZ. Dësen autobiographeschen Entwécklungsroman war geplangt als e breeden, nodenkleche Bléck an de Réckspiegel. Dem Fritz Endres säi leedvolle Wee vun der Villa Pauly bis an d' SS-Sonderlager Hinzert. Mee den éischten Deel hält op mat dem Transport op Hinzert. De Schluss ass ni geschriwwe ginn.