Mosfellsbær
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mosfellsbær | |
---|---|
Land | Island |
Regioun: | Höfuðborgarsvæði |
Koordinaten: | 64°10′N 21°42′W |
Fläch: | 185 km² |
Awunner: | 7.157 (2006) |
Bevëlkerungsdicht: | 38,7 / km² |
Héicht: | 0 m i. NN |
Buergermeeschter: | Ragnheiður Ríkharðsdóttir |
Mosfellsbær ass eng Gemeng vu Reykjavík mat 7.157 Awunner. Mosfellsbær läit am Norde vu Reykjavík. Et ass eng Gemeng an der Regioun Höfuðborgarsvæði, der Haaptstadgéigend vu Reykjavík.
Mosfellsbær, an der Géigend Mosó genannt, heescht iwwersat D'Stad vum Moos, well et gëtt do nëmme Moos, awer keng Beem. An Island ginn et keng natierlech Bëscher oder Beem. D'Bierger bei Mosfellsbær si bewuess mat Moos. An der Regioun Höfuðborgarsvæði ginn et dräi héich Bierger, Úlfarsfell, Esjan, a Mosfell.
Et gi méi Bauerenhäff an Haiser do. D'Bauerebetriber zu Mosfellsbær si ganz wichteg well si ganz no bei Reykjavík an (Höfuðborgarsvæði) leien.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Waarmwaasserquellen
Aus iwwer 100 Waarmwaasserquelle gëtt vu Mosfellsbær aus Waasser an d'Haaptstad gepompelt.
[Änneren] De Fluchhafen
Et gëtt e Fluchhafen zu Mosfellsbær, deen Tungubakka heescht. D'Fluchpist ass Wues. Et gëtt e Fligerclub do deen eng Rei Fligeren huet, aler an neier. All Joer ass beim Fluchhafen e grousst Fest mat Austellung vun de Sportsfliger, dat Silver Jódel heescht. Dann ass och e Concours, wien am beschte lande kann.
[Änneren] Bekannte Leit vu Mosó
Den Halldór Kiljan Laxness (1902-1998), en islännesche Schrëftsteller a Nobelpräisdréier an der Literatur vun 1955, hat eng Farm zu Mosfellsbær.
[Änneren] Um Spaweck
Sveitarfélagið Álftanes | Garðabær | Hafnarfjarðarkaupstaður | Kjósarhreppur | Kópavogsbær | Mosfellsbær | Reykjavíkurborg | Seltjarnarnesbær