Marcel Schlechter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Marcel Schlechter, gebuer den 9. Juli 1928) an der Stad ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
Hien huet als Gäertner, Chauffeur a Stolaarbechter geschafft.
Hie war Member vum LAV, dono vum Landesverband, a war President vun der Gewerkschaft vun de Beruffschauffeuren ACAL. Hien ass 1957 Member vun der LSAP ginn a gouf op hirer Lëscht 1963 an den Iechternacher Gemengerot gewielt, wou e bis 1969 Schäffe war.
1967 ass en an d'Chamber nogerëtscht, nodeems de Victor Bodson Member vun der Europäescher Commissioun gouf. 1968 ass en net erëmgewielt ginn, mee dofir 1974, a vun do un ëmmer nees bis 1989 nach mat.
An der Regierung Santer-Poos I, tëscht 1984 an 1989, war de Marcel Schlechter Minister fir Transport, Ëffentlech Aarbechten an Energie.
1990 huet e säi Chambermandat géint dat vum Europäesche Parlament emgetosch, wou en den 9. Oktober 1990 de Sëtz vum Robert Krieps, dee gestuerwe war, iwwerholl huet. 1994 gouf en duer erëmgewielt.