Klio
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dës Säit befaasst sech mat der Muse Klio. Fir den Asteroid, klickt heihinner.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie Griichesch Mythologie |
12 Olympesch Gëtter |
Zeus - Hera |
Heroen & Hallefgëtter |
Grujelwiesen |
Liest heizou och |
An der griichescher Mythologie wor d'Klio (algr. Kleiô) d'Muse vun der Geschicht a vun der Heldendichtung.
Si gëtt meeschtens als jonkt Meedchen mat Lorberkranz duergestallt, mat den Attributer Papyrusrouleau a Griffel. Et ginn och Duerstellunge mat enger Gittar, well d'Klio och deelweis als Erfinderin vun der Gittar ugesi gëtt. Och heiandsdo gesäit ee si op enger Weltkugel sëtzen, als Symbol fir d'Geschicht déi all Länner an all Zäiten anhëlt.
D'Klio ass ausserdeem d'Schutzpatréinerin vun den Historiker.
Erato | Euterpe | Kalliope | Klio | Melpomene | Polyhymnia | Terpsichore | Thalia | Urania