Kanaresch Inselen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Kanaresch Inselen (sp: Islas Canarias) oder d' Kanaren sinn eng Inselgrupp déi zu Spuenien gehéieren.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geographie
D'Kanaresch Inselen gehéiere geographesch zu Afrika a leien am Atlantik an der Regioun Makronesien. Zu hinne gehéiere siwen Haaptinselen: Lanzarote, Fuerteventura, Gran Canaria, Teneriffa, La Gomera, La Palma an El Hierro, sechs méi kleng Inselen: Alegranza, Graciosa, Montaña Clara, Los Lobos, Roque del Este a Roque del Oeste an divers kleng onbewunnten Inselen.
Kanaresch Inselen hunn eng Fläch vun 7.447 km² an huelen domadder 1,5 % vu Spuenien an. D'Haaptstad ass Santa Cruz de Tenerife.
[Änneren] Andeelungen
D'Kanaren sinn an zwou Provënzen agedeelt.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Kanaresch Inselen | Santa Cruz de Tenerife | Santa Cruz de Tenerife | Santa Cruz de Tenerife |
Las Palmas | Las Palmas de Gran Canaria |
[Änneren] Geschicht
D'Kanaresch Inselen sinn zënter dem 16. August 1982 eng autonom Gemeinschaft.
[Änneren] Politik
De President ass den Adán Martín Menis (CC). Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress si 14 Sëtz an am Senat sinn et der 2.
[Änneren] Demographie
2005 gouf et 1.968.280 Awunner op de Kanaren, dat si 4,5 % vun der spuenescher Populatioun.
[Änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Gemengen vun de Kanareschen Inselen
- Autonom Gemeinschafte vu Spuenien