Joseph Jérôme Lefrançois de Lalande
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Joseph Jérôme Lefrançois de Lalande ass gebuer den 11. Juli 1732 zu Bourg-en-Bresse am Département Ain/Frankräich a gestuerwen de 4. Abrëll 1807 zu Paräis. Hie war e franséische Mathematiker an Astronom.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Aus sengem Liewen
An der Astronomie war de Lalande als exzellenten Professer a beléifte Publizist bekannt, ë.a. duerch säi Léierbuch Traité d'astronomie (1764 a 1771). Seng Methode fir d’Bunnbestëmmung vu Koméiten huet z.B. 1800 den Friedrich Wilhelm Bessel derzou bruecht, Astronom ze ginn.
Den De Lalande huet seng Studenten no alle Kräften ënnerstëtzt, wann hie gesinn huet datt si fir eng Spëtzefuerschung gëeegent waren, wéi z.B. de Jean Baptiste Joseph Delambre oder de Pierre François André Méchain. Gläichzäiteg gouf him Houfert nogesot a säi "komescht" Gesiicht war dacks d’Zil vu Karikaturen. Als Paräiser Rekter huet hien duerchgesat, datt och Meedercher studéierë konnten. Seng Liewesgefärtin gouf déi éischt Professesch fir Astronomie.
Grouss Verdéngschter ëm Bunnebestëmmunge vu Koméiten an éischt Uwendungë vum Dräikierperproblem hun hie mat Zäit zu engem respektéierte Member vun der Paräiser Akademie gemaach. Obwuel och als Mathematiker bekannt, berouen dës Réussitë méi op intensivem Asaz vun numeresche Rechnungen wéi op Innovatioun. Erréischt 40 Joer méi spéit geléngt et dem Heinrich Olbers, méi schnell Methoden ze fannen.
Am Joer 1771 geléngt et dem de Lalande, aus weltwäite Beobachtungë vu Venustransitë (1761 a 1769) eng verbessert Äerdbunn ze berechnen. Säi Wäert vun der "Astronomescher Enheet" (A.E.) vu [153 ±1] Mill.km stëmmt mat deem vun haut 149,6 schon op 2% iwwereneen. De selwechte Wäert huet de Johann Franz Encke 1835 erausfonnt, während de Chanoine Alexandre-Guy Pingré op 142,9 koum.
[Änneren] Säin Numm a seng Studien
Bei den Date vum Lalande trieden historesch Onstëmmegkeeten op. Verschidde Quellen ginn d’Liewenszäit vun 1713 bis 1762 un, an an deenen éischten 20 Liewesjorë soll hien (no sengem Papp) den Numm Jérôme Le Français gedroen hunn.
Duerno huet hie sech Jérôme Le Français de la Lande genannt. Wou awer d'Franséisch Revolutioun ausgebrach ass, waren aristokratesch Nimm net gefrot. Sou huet hie säin Numm verrännert op Jérôme Lefrançais de Lalande. Hie war an dëser Zäit net deen eenzege Mathematiker, dee säi Numm g'ännert huet.
Den de Lalande goung am Ufank an eng Jesuiteschoul an huet da gewiesselt op e Rechtswëssenschaft-Studium. Doduerch koum hien op d’Astronomie, well hien an engem Paräiser Hotel de Joseph Nicolas Delisle kenne geléiert huet, deen do säin Observatoire hat. D’Stären hun den de Lalande faszinéiert an hien huet Virdréi vum Delisle a Mathematesch Physik beim Pierre Lemonnier beluecht.
[Änneren] Weider Statiounen vum Lalande
- 1760-1776 Editeur vun "Connaissance des temps", dat wichtegst Astronomescht Joerbuch vu Frankräich.
- Ënnerbriechung während der Franséischer Revolutioun, Virbereedung vun "Mounddistanzen" zu Stäre (Wichtig fir d’Navigatioun)
- Neioplag vun der Edition ab 1794 bis zum Doud vum Lalande 1807.
- 1762 Nofolger vu sengem Meeschter Delisle als Astronomie-Prof. am Collège Royale - fir voll 46 Joer.
- Venusduerchgäng 1761 an 1769 – op der ganzer Welt zu Parallaxen-Miessungen benotzt (ë.a. vum Cpt. James Cook) an och vum Lalande beaarbecht.
- 1765-1766 an Italien, Poopstaudienz mat dem Wonsch, d’Wierker vum Kopernikus an Galileo vum "Index" ze huelen (8-bänneg Voyage d'un français en Italie 1769 mat touristeschen Detailler).
- England-Rees, Greenwich an Harrisons weltbekannten Aueren – d’Konkurrenz zum Lalande senge Moundtafelen.
- Bekannt duerch verschidde Bicher - vu reng wëssenschaftlech bis zu Populär-Literatur; 1764 Traité d'astronomie a weider 4 Bänn 1771-1781,
- 1785 Astronomie des dames betount Bedeitung vu weibleche Forscher. Dem Lalande seng Liewesgefäehrtin Louise-Elizabeth-Félicité du Piery gët spéider déi éischt Professerin vun der Astronomie .
- 1791 gëtt de Lalande Rektor vum Collège de France, an fir d’éischt sinn och Studentinnen zougelooss.
- 1792 3. Oplo vun der Traité (hsg. vum Delambre: ausser wiss. Léierbuch och een Handbuch fir Miessungen.
- 1793 Abrégé de navigation historique, théorétique, et practique, Navigatiouns-Tabellen