Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions Hollywood (Kalifornien) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Hollywood (Kalifornien)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Greetings from Hollywood
Vergréisseren
Greetings from Hollywood

Hollywood ass ee Quartier vun der amerikanescher Stad Los Angeles (Kalifornien), ëstlech vun der Vermont Avenue bis zum Laurel Canyon Boulevard iwwert de Sunset Boulevard an de Crescent Heights Boulevard westlech; vu Norden no Süde vum Mulholland Drive zur Melrose Avenue. Zu Hollywood wunnen eng Ronn 300.000 Leit.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geschicht

1853 stung nëmmen eng Lehmhütt op där Plaz déi mir haut Hollywood nennen. Géint 1870 loossen sech eng Rei Baueren hei nidder. An den 1880er Joren ass den Harvey Henderson Wilcox mat senger Fra Daeida vun Topeka op Los Angeles geplënnert. 1886 keeft hien 160 Ar Land westlech vun der Stad.

Den Numm Hollywood kënnt duerch dem Wilcox seng Fra, d'Daeida. Bei enger Zuchrees huet d'Daeida eng Fra kennegeléiert, déi vun hiirer Heemécht an Ohio geschwat huet, an dës Hollywood genannt huet. Dem Daeida huet dee Klang vum Wuert esou gutt gefall datt hatt sengem Mann séng Ranch a Südkalifornien och Hollywood gedeeft huet.

De Wilcox huet séier e Plang fir d'Staadt gezeechent deen en den 1. Februar 1887 beim County Recorder's Office ofgëtt. Dëst ass dann och déi éischt offiziell Ernimmung vum Numm Hollywood. Mat senger Fra als konstanten Berooder huet hien d'Prospect Avenue gegruewen (haut: Hollywood Boulevard), als Haaptstrooss. Doropshin huet hien dann och ugefaange Land ze verkafen. D'Daeida huet Suë gesammelt an zwou Kierchen, eng Bibliothéik an eng Schoul baue gelooss.

Ëm 1900 hat Hollywood dann och eng Post, eng Zeitung, en Hotel an zwee Märt, bei enger Awunnerzuel vun 500 Leit. Los Angeles mat 100.000 Leit lung 7 Meilen östlech. En Tram ass op der Prospect Avenue verlaf mee dëse Service wor alles anescht wéi zouverlässeg an een Trip huet ganzer zwou Stonne gedauert.

Den éischten Deel vum berühmten Hollywood Hotel gouf 1902 opgemaach an d'Prospect Avenue kruut Pavé.

1903 gouf Hollywood eng Municipalitéit. Ennert den Gesetzer gouf et ënnert anerem eent wat d'Verkafen vun Likör verbueden huet, als eenzeg Ausnahm duerft den Aptikter dëst. Ausserdeem wor et verbueden d'Véi duerch d'Stroossen ze dreiwen, wann d'Herd méi grouss wéi 200 Déiere wor.

Wéi ët 1910 zu engem Waassermangel wéinst inadequater Versuergung koum, gouf oofgestëmmt datt Hollywood zu Los Angeles soll gehéieren. Los Angeles huet säi Waasser aus dem Owens River bezunn. Duerch dëst Annexéieren goufen och d'Stroossenimm geännert an d'Prospect Avenue gouf zum Hollywood Boulevard.

[Änneren] Hollywood an d'Filmindustrie

Um Ufank vum 20. Joerhonnert hun Filmfirmen aus New York an New Jersey ugefaangen a Kalifornien ze plënneren, haaptsächlech wéinst dem gudde Wieder a well do d'Deeg méi laang waren. Obwuel et schonn elektrescht Liicht gouf sou war et dach nach net staark genuch fir adequat filmen ze kënnen an déi beschte Luucht war nach ëmmer d'Sonn. Nieft dem Klima huet awer och d'Natur d'Firmen a Kalifornien gezunn. E wichtege Punkt war och d'Distanz vu Südkalifornien op New Jersey, wat et dem Thomas Edison méi schwéier gemaach huet, sech op séng Patenter ze behaapten.

Zu dëser Zäit hunn dem Edison quasi all Patenter déi mam Filmen ze din hate gehéiert an wéi am Osten ëmmer méi Leit onofhängeg vum Edison senger Motion Picture Patents Company agéiert hunn, goufe si verklot. Also konnten si, andeems si un der Westküst sëtzen, méi onoofhängeg schaffen. Wann den Edison Agenten op LA gescheckt huet, sou war dat dacks am Viraus gewosst an déi betraffe Leit konnte séier iwwert d'Grenz a Mexiko flüchten.

Deen éischte Filmstudio, Nestor Studios, gouf 1911 vum Al Christie fir den David Horsley gegrënnt. Nach am selwechte Joer hu 15 weider Indépendanten sech zu Hollywood néiergelooss.

Esou ass Hollywood duerch d'Filmindustrie an hir Filmstare bekannt ginn, an Hollywood gouf weltwäit zum Synonym fir d'US-amerikanesch Filmindustrie.

1913 huet den Cecil B. DeMille eng Scheier gelount an 1914 mat der Produktioun vum The Squaw Man lassgeluecht. Dëse Studio gouf bekannt als Lasky-DeMille Barn an ass haut d'Hollywood Heritage Museum.

D'Charlie Chaplin Studios sin 1917 gebaut gin. No 1953 huet dëse Studio enger Partie Leit gehéiert, dorënner CBS déi d'Serie Perry Mason hei gefilmt hun, a gouf 1969 vum Los Angeles Cultural Heritage Board zu engem historeschen a kulturelle Monument ernannt.

De berühmten "Hollywood"-Schrëftzuch
Vergréisseren
De berühmten "Hollywood"-Schrëftzuch

De berühmten "Hollywood"-Schrëftzuch hat ursprénglech e puer Buschtawe méi, do stoung nämlech "Hollywoodland". Et gouf 1923 opgestallt, als Reklamm fir déi nei Häiser déi een un den Hiwwele kafe konnt. Während ville Joeren ass d'Scheld bliwwen ouni datt ee sech drëms gekëmmert huet. 1949 huet sech d'Hollywood Chamber of Commerce ageschallt an huet offréiert déi lescht véier Buschtawen ewechzehuelen an de Rescht ze restauréieren. Hautzudags ass d'Scheld eng "registered trademark" an duerf net ouni d'Autorisatioun vun der Hollywood Chamber of Commerce benotzt ginn.

Déi éischt Academy Awards Zeremonie war den 16. Mee 1929 am Hollywood Roosevelt Hotel.

Zënter den 30er Joeren hunn de fënnef groussen Hollywood Studioen (Paramount, RKO, 20th Century Fox, Metro-Goldwyn-Mayer a Warner Bros.) eng Zuel grouss Kinoen am ganze Land gehéiert fir hier Filmer ze weisen. D'Joeren 1930 bis 1948 gin och als den Hollywood studio system bezeechent. An de Mëtt-1950er koum d'Televisiounsindustrie nach dobai an ass bis haut och fest zu Hollywood établéiert.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • P.G. Wodehouse, Laughing Gas, 1936.
  • Terry Pratchett, Moving Pictures, 1990.

[Änneren] Links

[Änneren] Intern

[Änneren] Extern

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu