Herrmann Müller
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Hermann Müller (*21. Oktober 1850 zu Tägerwilen / Kanton Thurgau (Schwäiz), † 18. Januar 1927 zu Wädenswil/ Kanton Zürich (Schwäiz) war e Schwäizer Botaniker, Önolog und Riewenziichter. Hien huet sech no sengem Heemechtskanton Müller-Thurgau genannt.
[Änneren] Säi Liewen
De Müller staamt aus enger Bäcker a Wënzerfamill. No enger Zäit als Schoulmeeschter zu Stein am Rhein ass hien op Zürich op de Polytechnikum gaangen, deen haut ETH heescht. Do krut hien am Hierscht 1872 säin Diplom fir "Fachlehrer" fir Naturwëssenschaften.
No Etüden op der Universitéit Neuenburg an der Schwäiz goung hien op d' Universitéit Würzburg bei den Julius Sachs, bei deem en 1874 promovéiert huet an nach zwee Joer als Assistent geschafft huet.
Vun 1876 bis 1890 war de Müller Chef op der planzephysiologescher Versuchsstatioun zu Geisenheim. 1891 krut hien eng eng Berufung fir Direkter un der däitsch-schwäizerescher Versuchsstatioun fir Uebst-, Wäin- an Gaardebau zu Wädenswil
[Änneren] Säi Wierk
Den Herrmann Müller ass hautesdaags besonnesch bekannt duerch déi no him benannten Riefzort Müller-Thurgau, eise Rivaner, deen hien als Ziichtung aus den Zorten Riesling an Sylvaner virgestallt huet. Op Grond vun genteschneschen Analysen huat sech awer 1998 erausgestallt, datt et sech Wierklechkeet ëm Kräizung vun den Zorten Riesling an Gutedel gehandelt hat.
De Müller huet vill Fuerschungsaarbechte gemaach op dem Gebitt vun der Physiologie vun der Rief (ënner aneren iwwer d'Bléiebiologie an iwwer Assimilatiouns- a Stoffwiesselviergäng), iwwer d' Phytopathologie vun de Riewen (virun allem iwwer de Falschen Mehltau.
Am Kellereiwiesen huet hien Méiglechkeeten erfuerscht fir déi alkoholesch Gärung ze steieren, de biologeschen Ofbau vun de Säieren, an d'Feelentwécklungen bei der Gärung vum Wäin. Hien huet Wäinhief geziicht mat speziellen Eegenschaften an en huet u Methode geschafft, fir alkoholfräien Drauwejus ze maachen.
[Änneren] Seng Schrëften
- Über Zuckeranhäufung an Pflanzenteilen in Folge niederer Temperatur (1882)
- Edelfäule der Trauben (1887)
- Über das Gefrieren und Erfrieren der Pflanzen (1879)
- Abhängigkeit der Entwicklung der Traubenbeeren von der Entwicklung der Samen (1897)
- Der Rote Brenner des Weinstockes (1903)
- Bakterienblasen (Bacteriocysten) (1908)
- Bakterien im Wein (1913)
[Änneren] Éierungen
- Éiremember vum "Deutsche Weinbauverein" (1890)
- Éirendokter vun der Universitéit Bern (1920)