User talk:Helpi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] Wëllkomm
Wëllkomm bei der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Wanns de ganz nei bei Wikipedia bass, kanns de dir als éischt eis Hëllef-Säit ukucke goen, do fënns de alles wat s de als neie Wikipedianer wësse muss.
Du kanns natierlech och bis an de FAQ kucke goen, wou déi heefegst gestallte Froen opgelëscht sinn.
Fir deng Messagen ze signéieren, muss de 3 mol den Tilde (~) schreiwen, bei 4 mol kënnt och nach d'Auerzäit an den Datum dobäistoen.
Vill Spaass an op eng gutt Zesummenaarbecht.
--Zinneke 12:20, 26 Oktober 2006 (UTC)
Gudde Mëtteg. Ier s Du weider méchst mat neien Artikelen iwwer Kierchen, wollt ech dech drop opmierksam maachen, datt et Artikelen iwwer Kierch Béiwen-Atert, Kierch Huelmes a Wobiergkapell schonns gëtt. --Tomateus 14:18, 26 Oktober 2006 (UTC)
Gudden Owend. Ech hunn den "Helpert (Parverband)" an den "Parverband Béiwen-Atert" zesummegeschloen zu engem, de "Parverband Helpert" (well déi aner Artikelen iwwer Parverbänn all "Parverband xxx" heeschen). Op déi Manéier fuere mer mam Parverband Helpert weider. An deem stinn awer nach e puer Eenzelheeten duebel. Geet et, fir deen Artikel z'iwwerkucken, an dat wat net méi gebraucht gëtt (d'Uertschaftsnimm stinn nach duebel dran) erauszehuelen. Merci. Déi aner Saachen, déi den Tomateus hei uewen opzielt kucken ech nach no. --Cornischong 22:19, 26 Oktober 2006 (UTC)
Sou, lo missten déi nei Kierchen a Kapellen op de Schinne stoen. Bei der Schreifweis vun den Uertschaftsnimm hale mer eis un de Josy Braun, dofir hat ech "Tréinten" op "Trënten" geréckelt. Am allgemenge Gefréckels wäert ech vläicht e puer Klengegkeete vergiess hunn, dat gëtt da mé spéit riicht gebéit. Wéi gesot, déi Ënnerkapitelen (Gebai, Geschicht) sti just do fir en Unhaltpunkt. --Cornischong 23:51, 26 Oktober 2006 (UTC)
Gudde Moien. Den Text am Artikel Kierch Miesdref steet nach op Däitsch dran. Mer kéinten deen emol op seng Diskussiounssäit setzen, bis datt eng Iwwersetzung do ass. --Cornischong 08:46, 27 Oktober 2006 (UTC)