Helicobacter pylori
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Helicobacter pylori ass e spiralförmegt, gramnegativt Bakterium dat d'Schläimhaut vum menschleche Mo infizéiert. Säi Genom ass sequenzéiert. Et ass déi eenzeg bekannt Bakterienaart déi am sauere Milieu vum Mo kann liewen.
Helicobacter pylori ass de Veruersaacher vu Moschwieren. Fir dës Entdeckung kruten déi 2 australesch Wëssenschaftler Barry Marshall a J. Robin Warren de Medezin Nobelpräis 2005.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschichtleches
Schonns 1875 konnten däitsch Fuerscher Bakterien, a Form vun enger Spiral, un der mënschlecher Moschläimhaut fannen. Eng Kultur (Mikroorganismen) war net méiglech an dat Ganzt koum an de Vergiess. 1899 huet de W. Jaworski vun der Jagielloński-Universitéit vu Krakau Organisme beschriwwen, déi hien entdeckt hat, nodeems Leit de Mo ausgespullt kruten. Hien huet se fir d'éischt Vibrio rugula genannt.
Mee dat Ganzt ass net sonnerlech eescht geholl ginn, an et huet bis Enn der Siwwenzegerjore gedauert bis den J. Robin Warren, e Patholog zu [[Perth]¨an Australien, gemierkt huet, datt sech besonnesch um Tissus vun der Moschläimhaut, deen entzünd war, Bakterien a Form vun enger Spiral ugesiidelt haten. 1982 konnt de Warren bei 11 Patiente mat enger Moschläimhautentzündung dës Organisme kultivéieren an noweisen, datt Leit, déi den H. pylori net am Mo haten, och keng Gastritis" haten an ëmgedréit.
Nodeems de Fuerscherkolleg Barry Marshall en Test u sech selwer gemaach hat, a sech nees mat Hëllef vun Antibiotika a Batteralzem-Salzen heele konnt,
[Änneren] Literatur
- Jaworski W.: Podrêcznik chorób (Handbook of Gastric Diseases) , Wydawnictwa Dzie
Lekarskich Polskich, 1899, Säiten 30-47.
- Kirsner J.B.: The Growth of Gastroenteroilogical Knowledge during the Twentieth Century, Lea
and Febiger, Philadelphia, 1994, Säiten 49-54.
- Marshall B.J.: Unidentified curved bacillus on gastric epithelium in active chronic gastritis. 1983, in: Lancet, 1, Säiten 1273-1275.