Gracht
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Gracht ass am Allgemengen den hollännnesche Begrëff fir Gruef oder Kanal.
Grachten, ginn déi schmuel Waasserweeër genannt, déi duerch déi ganz Bannestad vun Amsterdam gezu goufen. Am Ganzen ass d'Grachtennetz vun Amsterdam iwwer 80 Kilometer laang.
Déi wichtegste Grachten zu Amsterdam sinn:
- Prinsengracht
- Herengracht
- Keizergracht
Den Amsterdamer Grachtesystem gouf 1612 ugeluecht. Et war eng Initiativ vum Buergermeeschter Frans Hendrickzn Oetgens, dem Baumeeschter Hendrick Jacobsz Staets an dem Geometer Lucas Jansz Sinck.