Girl with a Pearl Earring
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Girl with a Pearl Earring |
Produktiounsland: | Groussbritannien Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer: | 2003 |
Dauer: | 100 Minutten |
Originalsprooch: | Englesch |
Equipe | |
Regie: | Peter Webber |
Dréibuch: | Tracy Chevalier (Geschicht) Olivia Hetreed (Dréibuch) |
Kamera: | Eduardo Serra |
Musek: | Alexandre Desplat |
Produzent: | Archer Street Productions Delux Productions Film Fund Luxembourg Pathé Pictures Ltd UK Film Council |
Haaptacteuren | |
Colin Firth als Johannes Vermeer Scarlett Johanssonals Griet Tom Wilkinson als Van Ruijven Robert Sibenaler als Paschtouer |
Girl with a Pearl Earring ass den Titel vun engem Film vum Peter Webber, enger britesch-lëtzebuerger Ko-Produktioun aus dem Joer 2003, deen um Roman vum Tracy Chevalier mam selweschten Numm baséiert.
[Änneren] Film
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Girl with a Pearl Earring spillt zu Delft an Holland an dréint sech ëm de Moler Johannes Vermeer. Zentrale Personage ass awer, wéi am Buch och, dat historesch onbekanntent "Meedche mat der Pärel", dat am Film Griet heescht, an dat duerch de Portrait, deen de Vermeer vun him gemoolt huet, weltbekannt gouf.
[Änneren] Gielercher
- Lëtzebuerger Filmpräis, 2005: Bescht Lëtzebuerger Co-produktioun
- Camerimage Bronze Frog,2003, Eduardo Serra
- Dinard British Film Festival, 2003: Publikumspräis - Peter Webber
- Dinard British Film Festival, 2003: Gëllenen Hitchcock - Peter Webber
- Los Angeles Film Critics Association Award, 2003: Beschte Kamera - Eduardo Serra
- San Diego Film Critics Society Award, 2003: Beschte Kamera - Eduardo Serra
- San Sebastián International Film Festival, 2003: Beschte Kamera - Eduardo Serra
[Änneren] Interessantes
De Film, deen zu Delft spillt, ass zu engem groussen Deel zu Esch-Uelzecht an den Dekore vu Venedeg, déi fir de Film Secret Passage opgeriicht goufen, gedréint ginn.
[Änneren] Buch
[Änneren] Ëm wat geet et am Buch
Girl with a Pearl Earring ass e Roman vum Tracy Chevalier iwert de Moler Johannes Vermeer.
D'Buch ass bei Dutton Books de 27. Dezember 1999 erauskom.
[Änneren] Zitater
- "There is so much mystery in each painting, in the women he depicts, so many stories suggested but not told. I wanted to tell one of them." - (Tracy Chevalier).