Gaston Thorn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gaston Egmont Thorn (*3. September 1928 an der Stad) ass e lëtzebuergesche Politiker.
No engem Droitsstudium zu Montpellier, Lausanne a Paräis gëtt hien 1955 um Barreau ageschriwwen. 1959 gëtt hie fier d'éischte Kéier an d'Chamber gewielt. Tëschent 1961 an 1963 ass hien och Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, a vun 1959 bis 1969 Member vum Europäesche Parlament.
Vun 1969 bis 1974 ass de Gaston Thorn Ausseminister, Minister fier d'Fonction publique a fier de Sport an der Regierung Werner-Schaus II. 1974 gëtt hie selwer Premierminister vun enger Koalitiounsregierung tëscht der Demokratescher Partei (DP) an der Lëtzebuerger Sozialistescher Aabechterpartei (LSAP), an huet och d'Portefeuillën Ausseministère a Sport. 1975 ass hien och President vun der 30. Sessioun vun der UNO-Generalversammlung.
No de Wahle vun 1979 gëtt d'Chrëschtlech Sozial Vollekspartei (CSV) Koalitiounspartner vun der DP, de Gaston Thorn iwwerhëlt d'Ressoren Aussebezéiungen, Cooperatioun, Wirtschaft, Mëttelstand a Justiz.
De 6. Januar 1981 gët de Gaston Thorn President vun der Europäescher Commissioun (bis Januar 1985).
Dono ass de Gaston Thorn vierun allem an der Privatwirtschaft aktiv: tëscht 1985 an 1999 ass e President vum Verwaltungsrot vun der BIL, an tëscht 1987 an 1993 President vun der CLT.
Hien interesséiert sech awer och weider fier d'international Politik. Heen ass President vum "International European Movement" a Member vun der Trilateral Commission an dem Comité Jean Monnet. Hien war och President vun der Liberal International, enger Daachorganisatioun vu liberale Parteien, an ass elo hieren Éierepresident.
De Gaston Thorn ass mat der Journalistin Liliane Thorn-Petit bestued.