Fiels (Gemeng)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Larochette de: Fels |
|||
Gemeng | Fiels | |||
Buergermeeschter | Pierre Wies | |||
Kanton | Miersch | |||
Awunner | 1.750 | |||
Fläch | ha | |||
Awunner (Gemeng) | 1.826 | |||
Fläch (Gemeng) | 1540 ha | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
D'Fiels ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Gemeng
[Änneren] Uertschaften an der Gemeng
- Iernzen (Ernzen, Ernzen)
- Fiels, (Larochette, Fels)
- Meesebuerg, (Meysembourg, Meysemburg)
[Änneren] Geographie
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Kuckeswäertes
- D'Schlass zu Meesebuerg
- D'Kapell zu Meesebuerg
- D'Kapell zu Iernzen
- D'Manzebaach
- D'Noumerleeën
[Änneren] Uertschaft
[Änneren] Geographie
D'Fiels läit un der Wäisser Iernz.
[Änneren] Geschicht
D'Fielser Géigend war wahrscheinlech schonns zur Réimerzäit bewunnt, bei der Restauratioun vun der Buerg gouf eng réimesch Mënz fonnt, déi doropper schléisse léisst. Vum 11. bis 18. Joerhonnert gouf d'Liewe vun de Buerghären op der Fielser Buerg bestëmmt.
24. Juni 1865: Grousst Feier an der Fiels. D'fréier Porkierch (Nikloskierch) a 75 Haiser falen de Flamen zum Affer. Am ganze Land gëtt fir d'Affer gesammelt.
[Änneren] Kuckeswäertes
- D'Buerg
- D'Kierch
- D'Bleech
- D'De Roebé Schlass
- D'Knipchen
- D'Haus vum Michel Rodange
- D'Justizkreiz
- D'Jangelisgare
- Den Oppene Musée iwwer d'Textilindustrie an der Fiels
- D'Rochuskapell
- D'Lourdesgrott
- De Franz vun Assisi
- De Kräizwee
- De Verluerekascht
- Den Ouschterbuer
- Den Himmelsbierg
- D'Teiperlay
- De Salzdibbelchen
- Den Haangelsbuer
- Den Hais'cheskreiz
[Änneren] Grouss Perséinlechkeeten an der Fiels
[Änneren] De Victor Hugo an d'Fiels
A sengem Carnet de voyage, schreiwt de Victor Hugo de 16. Juli 1871 iwwert d'Fiels:
.... nous a fait servir un luncheon dans la magnifique salle que fait le grand donjon sans toit.J'ai tout revu avec émotion, le puits, les tours, la chapelle. ...... J'ai dessiné la ruine.
De Victor Hugo huet d'Buerg aus der Fiels zweemol gemoolt:
- Souvenir de la Rochette, 16. Juli 1871 (Bleistëftzeechnung 75 x 115 mm)
- Souvenir de Larochette, 17. Juli (Lavis 110 x 350 mm)
[Änneren] De Michel Rodange an der Fiels
De Michel Rodange krut den 13. Juli 1854 seng Ernennung als Schoulmeeschter fir d'Oberprimärschoul an der Fiels. Des Funktioun huet hien bis 1859 ausgeübt. Während deser Zeit huet hien an der Henneschter Gaass gewunnt, am Haus vum freieren Kaploun. 1936, bei der Honnertjahrfeier vun der Fielser Musek, gouf eng Gedenkplak iwert der Hausdier vun desem Haus ubruecht. An der Setzung vum 28. Juli, 1953 huet den Fielser Gemengerot beschloss fir deser Strooss den offiziellen Num "rue Michel Rodange" ze gin.
1872 schreiwt de Michel Rodange a sengem Renert, am Siwente Gesank:
- De Léiw louss d'Déier ruffen,
- Déi grouss als wéi déi kleng;
- Se koumen all mat Hefen
- A keemol eent eleng.
- Zur "Fiels" am Ärenzdällchen
- War hauer och e Fest,
- Duer koumen d'Musikanten
- An d'Sänger all déi best.
[Änneren] De Jean-Antoine Zinnen an der Fiels
De Jean-Antoine Zinnen, Komponist vun "Eiser Heemecht", huet en Deel vun sengem Liewen an der Fiels verbruecht.
[Änneren] De Generol Patton an der Fiels
De Generol Patton hat fir kuerz Zeit säin Haaptquartéier am Grand-Hotel de la Poste an der Fiels.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Offiziell Säit vun der Gemeng Fiels
- Syvicol
- Geocaching an der Fiels
- Fielser Jugendherberg
- D'Wieder an der Fiels
Béiwen-Atert | Biissen | Fëschbech | Fiels | Hiefenech | Kolmer-Bierg | Lëntgen | Luerenzweiler | Miersch | Noumer | Tënten